Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Patronat soll net méi op Zäit spillen"

Gesondheets- a Sozialsecteur

"Patronat soll net méi op Zäit spillen"

De Sozialminister huet Versteesdemech fir d’Mobiliséierung vun de Gewerkschaften a fuerdert d'Patronat am Spidolssecteur op, enger séierer Eenegung net am Wee ze stoen. D’Regierung hätt sech engagéiert, fir de Gehälteraccord aus der Fonction publique an d’Opwäertung vun de Carrièren an deem Secteur ëmzesetzen.

auto_stories

3 min

De Romain Schneider versteet net, wat fir zousätzlech Garantien d’Patronat am Gesondheets- a Fleegesecteur wëll hunn, fir de Gehälteraccord aus der Fonction publique an d’Opwäertung vun de Carrièren ëmzesetzen. D’Regierung hätt scho puer mol zougesot, datt si déi zousätzlech Depensë finanziell géing begleeden, esou den LSAP-Minister. Ënner anerem am bilateralen Accord tëscht Regierung a Gewerkschafte vun 2014. Och an der budgetärer Enveloppe an an der Valeur monétaire fir d'Berechnung vun den Tariffer hätt een den néidege Fräiraum ginn, seet de Romain Schneider.

De President vun der Spidolsfederatioun Paul Junck sot am 100,7-Interview, hie kéint näischt mat de Gewerkschaften ënnerschreiwen ouni, datt hie Gewëssheet hätt doriwwer, wat d’Regierung bereet ass ze bezuelen. Den Drock am Secteur klëmmt: De 4. Juni haten 6500 (der Police no) bis 9000 (de Gewerkschaften no) Leit aus dem Gesondheets- a Sozialsecteur fir eng Opwäertung vun hire Carrièrë manifestéiert.

“Et konnt ee sech erwaarden, datt et esou vill Leit géinge ginn", seet de Romain Schneider zur Mobiliséierung vun de Gewerkschaften. Dat géing weisen, datt eng gewëssen Erwaardung do wär, fir datt eppes am Secteur geschitt.

Ee Prozent vun der Masse salariale d'Joer

​De geneeë Käschtepunkt vun der Carrièreopwäertung a vun der Ëmsetzung vum Gehälteraccord beim Staat am Gesondheets- a Fleegesecteur muss nach berechent ginn. ​De Sozialminister geet vun enger Hausse vun engem Prozent vun der Masse salariale aus. Et wär elo un de Sozialpartner, fir d’Detailer vun der Ëmsetzung auszehandelen. Dat geschitt an der sougenannterCommisison paritaire”. An där Kommissioun sinn am Ganze 14 Vertrieder vu Regierung, Gewerkschaften a Patronatsverbänn.

Dem Tageblatt no kënnt d'“Commission paritaire” fir de Fleegesecteur den 9. Juni zesummen.