Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ronn een Drëttel" vun Arrêten net behënnertegerecht

Zucharrêten

"Ronn een Drëttel" vun Arrêten net behënnertegerecht

Am Moment si "ronn een Drëttel" vun de Zucharrêten am Land schwéier zougänglech fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit. D'CFL seet, datt d'Arrêten an den nächste Joren no an no ugepasst solle ginn.

auto_stories

2 min

Vill Gare sinn net zougänglech fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit. Foto: Archiv

Eng vun de concernéierte Garen ass déi zu Klierf. De Mobilitéitsminister François Bausch hat scho matgedeelt, datt dës Gare net virun 2024 kéint ëmgebaut ginn, well dat zoustännegt Personal bis dohin "anerwäerteg agebonne" wier.

Gare fir jiddweree moderniséieren

Et ginn nach aner Garen, déi net behënnertegerecht sinn. Dorop ugeschwat sot de François Bausch, datt d'CFL e Programm hätt fir al Garen ze moderniséieren a komplett op den neiste Stand ze bréngen. "An d'CFL schafft enk zesumme mat den Associatioune vun de Leit, déi en Handicap hunn, fir ze kucken, wéi een déi Garen installéiert."

Wéi vill Garë genee mussen ugepasst ginn a bis wéini dat soll geschéien, ass awer net kloer. Den Hendri Werderl, Infrastrukturdirekter vun der CFL, seet op Nofro hin hie géif schätzen, datt een Drëttel vun den Arrêten momentan nach net un d'Besoine vu Leit mat ageschränkter Mobilitéit adaptéiert wieren. E Plang fir dës Statiounen ëmzebaue géif et awer net ginn, seet hien:

"All Kéiers wa mir eng Gare an de Grapp huelen, an eppes do nei bauen, da maache mir dat mat. Dat ass och dat, wat am Gesetz virgesinn ass. Ech wees awer elo net auswenneg, wei vill der do nach ausstinn. Mee dat geet esou séier, wéi et elo geet."

Ee Chantier nom aneren

Den Infrastrukturdirekter seet, am Moment wiere scho vill Strecke vun Ëmbauaarbechte betraff, weider Chantiere wieren dofir net méiglech. Hie betount awer, datt ee misst kucke wéi vill Prozent vun de Cliente betraff wieren, wann ongeféier een Drëttel vun den Arrête concernéiert ass.

Zu Ettelbréck wier een am gaangen an et géif just nach haaptsächlech Beetebuerg bleiwen, wou eng Passerell geplangt ass, déi 2020 a Betrib geet. "Duerno bleiwen da just ganz kleng Halten." Wei vill där "kleng Halten" betraff sinn, konnt d'CFL eis net soen.


De Bäitrag vum Rick Mertens am Owespanorama:

Lauschterenplay_arrow