Radioen

On air

Notturno  |  John Scofield, Vicente Archer & Bill Stewart - TV Band

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Rout Kräiz braucht Bluttspenden

Dr Andrée Heinricy

D'Rout Kräiz braucht Bluttspenden

Well d'Stocken u Konzentrater vu roude Bluttkierpercher zeréckgaange sinn a wéinst de Feierdeeg lancéiert d'Croix-Rouge een Appell fir Blutt ze spenden, erkläert d'Doktesch Andrée Heinricy vun der Croix-Rouge.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Period virun de Feierdeeg wier ëmmer e bësse komplizéiert. Et hätt een elo festgestallt datt de Stock vun de Konzentrater vun de roude Bluttkierpercher kontinuéierlech erofgaangen ass. Am Summer war d'Situatioun eng aner, präziséiert d'Doktesch Andrée Heinricy:

"Mir haten ee ganz gudde Summer, do si mer gutt iwwert d'Ronne komm. An der Lescht sinn d'Läit net méi grad esou disponibel, sief et wëll se d'Feierdeeg virbereeden, sief et villäicht saisonsbedingt. Et si vill Erkältungen ënnerwee. Do komme vill Facteure beieneen déi dozou féieren datt effektiv net esouvill Läit sech bei ons presentéiert hunn, wéi mir dat gären hätten", betount d'Dr Andrée Heinricy.

Reservë gi fir 9 Deeg duer

Den Ament géif de Stock duergoe fir d'Demande wärend 9 Deeg z'assuréieren. Et kéint een all Demandë vun de Klinicken honoréieren. Et géif een awer gären antizipéieren, betount d'Doktesch Andrée Heinricy:

"Wann ee weess datt ronderëm d'Feierdeeg nach manner Läit disponibel sinn, ass et natierlech wichteg dat am Viraus sou ze antizipéieren datt mer onse Stock och esou kënnen halen, an datt en nach e bëssen an d'Luucht geet. Mat der Pandemie wësse mer jo och net wat op ons duerkënnt", erkläert d'Doktesch Andrée Heinricy.

Bluttspender si solidaresch

All Kéier wann d'Croix-Rouge een Opruff lancéiert huet, hätten d'Läit gutt reagéiert an hu sech solidaresch gewisen. Et bräicht een och ëmmer nees nei Spender, ënnersträicht d'Doktesch Andrée Heinricy.

"Nei Spender sinn ëmmer gutt. D'Zuel vun de Spender déi bei eis ageschriwwe sinn ass zanter Joren zimmlech stabil a läit ëm déi 13 bis 14 Dausend Spender. Mee et ass natierlech ëmmer interessant fir nach méi Läit dozou ze beweege Blutt ze spenden, wëll da kënne mir och flexibel reagéieren a punktuell méi Läit invitéiere fir ze spenden", präziséiert d'Dr André Heinricy.