Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rout-Luuchte-Radar op dräi Plazen

Verkéierssécherheet

Rout-Luuchte-Radar op dräi Plazen

Wien duerch rout fiert, kéint an Zukunft op d'mannst op dräi Plazen am Land geblëtzt ginn: Nieft der Stäreplaz an der Stad an um Schlammestee, kéint och bei der Hollerecher Kierch e Rout-Luuchte-Radar installéiert ginn, esou de Mobilitéitsministere haut op eis Nofro hin.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Am Mee dëst Joer war ugekënnegt ginn, datt bis 2022 e sougenannten Ampel-Radar um Schlammestee an der Gemeng Weiler zum Tuer soll installéiert ginn. Enn 2020 soll esou e Radar als Pilotprojet op d'Stäreplaz kommen, hat d'Lëtzebuerger Wort gëschter geschriwwen.

Eng aner geféierlech Plaz, op där vill duerch déi rout Luuchte gefuer gëtt, wier Hollerech: vun der Hollerecher Kierch a Richtung Autobunn, huet d'Dany Frank vum Ministère am 100,7-Interview erkläert.

Net méi duerch rout fueren

D'Installéiere vu Strecken- an Ampelradare war scho virun engem hallwe Joer als eng vun 31 Moossname presentéiert ginn, fir méi Verkéierssécherheet ze erreechen. Am Aktiounsplang steet de Pilotprojet um Schlammestee dran. Elo geet rieds vun engem weidere Pilotprojet vun engem Rout-Luuchte-Radar Enn 2020 op der Stäreplaz.

D'Dany Frank vum Mobilitéitsministère erkläert, datt Strecken- an Ampelradare sech net géigesäiteg ausschléissen. "Mir fannen einfach, datt grad op der Stäreplaz, mee och generell am urbane Raum an der Stad Lëtzebuerg virun allem, ëmmer méi duerch rout gefuer gëtt." Dat wier en extrem geféierlecht Phenomeen, esou d'Dany Frank.

Méi Verkéierssécherheet

Nieft dem Zil vu méi Verkéierssécherheet, géif et mam geplangte Rout-Luuchte-Radar op der Stäreplaz och dorëm goen, datt dës Kräizung mat vill Verkéier net blockéiert gëtt. Mam Rout-Luuchte-Radar wéilt de Ministère also vermeiden, datt et op der Stäreplaz Konflikter tëschent den Autoen an dem Tram ginn, esou d'Spriecherin vum Ministère.

De sougenannten Ampel-Blitzer stellt mat Fotoe fest, wann e Chauffeur net bei enger rouder Luucht stoe bleift: fir dës Iwwerwaachungs-Installatioun si Sensoren an der Strooss mat der Luuchten-Anlag verbonnen.