Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ RTL-Direkter: "Mir hunn eis Konsequenzen aus der Affär Lunghi gezunn"

RTL

RTL-Direkter: "Mir hunn eis Konsequenzen aus der Affär Lunghi gezunn"

De neie Generaldirekter vun RTL Lëtzebuerg wëll den ëmstriddenen Interview mam fréiere MUDAM-Direkter Enrico Lunghi hannert sech loossen. Déi néideg Konsequenze wäre gezunn, esou de Christophe Goossens.

auto_stories

3 min

No iwwer 20 Joer un der Spëtzt vun RTL huet den Alain Berwick am Dezember an der Suite vun der "Affär Lunghi" demissionéiert. De fréiere Generaldirekter war an d’Kritik geroden, well hie sech soll dofir agesat hunn, datt den ëmstriddene Reportage diffuséiert gëtt.

Säi Nofolger Christophe Goossens wëllt net op d’Fro äntweren, ob den Reportage och ënnert senger Féierung diffuséiert gi wär: "Déi Affär ass sechs Méint hir, an an där Zäit hunn all déi Instanzen, déi eppes dozou ze soen haten, sech geäussert."

Et misst een de Virfall och "vum Volume hir" an de "richtege Kontext" setzen: Et géing hei em ee Reportage goen, deen net de Qualitéitskritären entsprach hätt, déi RTL sech selwer setzt. “Mir hunn virdrun dausende Reportagë gemaach, an duerno erëm Honnerte gemaach.” Iergendwann misst ee sech awer soen, datt déi néideg Konsequenzen gezu wären. Dat wär zum Beispill um Niveau vun der Gouvernance geschitt, esou de Christophe Goossens: RTL hätt an Tëschenzäit en Ethik-Comité an d’Liewe geruff, deen d’Qualitéit vum Programm intern iwwerwaacht.

De Wiessel an dat neit Gebai ass prioritär

Als neie Generaldirekter wéilt hien elo an éischter Linn dofir suergen, datt de Wiessel an dat neit RTL-Gebai, dat e Mëttwoch ageweit ginn ass, gutt klappt. Radio, Tëlee an Online-Journalisten sollen an deem neien Newsroom méi enk zesummeschaffen. "Et ass eng nei Etapp an eiser Geschicht, déi lancéiert ginn ass. Dat gëtt eng nei Aart a Weis zesummen ze schaffen,” esou de Christophe Goossens.

Wat déi journalistesch Inhalter ugeet, soll iwwerdeems "an der Kontinuitéit" weidergeschafft ginn. "Mir hu viru Kuerzem déi neisten Audienz-Zuele kritt fir eis verschidde Medien an de Public appreciéiert wat mer maachen." Déi Leit, déi all Dag un de Programmer schaffen, géingen deemno elo scho villes richteg maachen.

Mat der neier Konventioun gëtt "net alles anescht"

Wann déi nei Konventioun tëscht RTL an dem Staat 2021 a Kraaft trëtt soll dofir inhaltlech och "net alles anescht" ginn, esou den RTL-Generaldirekter. "Dat soll e fléissenden Iwwergang ginn." Dofir géing een den Ament schonn un neie Formater schaffen, zum Beispill an de Beräicher Documentaire a Kannernoriichten.

De neie Vertrag gesäit fir, datt de Staat dem private Sender tëscht 2021 an 2023 ronn 10 Milliounen Euro pro Joer ausbezuelt fir en ëffentlech-rechtlechen Tëleesprogramm ze produzéieren. D’Kritären déi RTL muss anhalen, wären an der Konventioun festgehalen. Dës wier och ëffentlech zougänglech.

D’Suen, déi RTL vum Staat kritt, sollen exklusiv an d’Tëleesproduktioun investéiert ginn. Fir ze garantéieren, datt dës Suen net an de Radio oder an den Online-Beräich fléissen, géinge speziell "Mechanismen" um Niveau vun der Comptabilitéit benotzt ginn. "Wa mir net kenne beweisen, datt eis Depensen reell zu der Tëlee gehéieren, da gi se net vum Staat iwwerholl. Dat heescht, mir hunn all Interêt drun, datt dat propper gemaach ass,” esou de Christophe Goossens.