De Bäitrag vum Maxi Pesch:
Och wann d'Gewerkschaft den Dënschdeg e Sozialplang mat RTL Group ënnerschriwwen huet géif sech weiderhin d'Fro stellen, ob d'Konditioune vum Kontrakt tëschent der Regierung, Bertelsmann, CLT-UFA a RTL Group agehale ginn, erkläert de de Pit Schreiner vum OGBL.
"Wa vun der Konzernzentral - dat jo hei RTL Group S.A. ass - just nach 18 vun 112 Leit iwwreg bleiwen, ass dann nach deen Accord d'Ancrage ginn? De Xavier Bettel huet eng Kéier an enger Question parlementaire dovu geschwat, datt Majoritéit vun der Konzernzentral hei zu Lëtzebuerg misst sinn. Da kann ee sech jo dat lo selwer ausrechnen."
Fir d'Fro vun der Majoritéit ze beäntwerte bréicht een allerdéngs en Abléck an dësen Accord d'Ancrage. Eng Annex vum Konzessiounsvertrag, dee reegelt wéi de Siège vu RTL Group S.A. zu Lëtzebuerg verankert ass. An engem Bréif un déi véier Partien huet den OGBL nogefrot. Bis ewell ouni positiv Äntwert.
Et géif ee verstoen, datt de Premier- a Medieminister Xavier Bettel déi Confidentialitéit net eleng kéint ophiewen, mee déi véier grouss Parteien zesummen "misste jo kee Problem hunn dat opzehiewen, fir eis ze weisen, datt all déi Entloossungen am Aklang si mat deem Accord".
Piratepartei an OGBL envisagéiere rechtlech Schrëtt
D'Piratepartei hat schonn annoncéiert um Verwaltungsgeriicht ze kloen, mam Zil datt wéinstens d'Deputéiert an der Mediekommissioun de ganze Konzessiounsvertrag tëschent der Regierung a RTL gewise kréien, seet de Sven Clement.
"A virun allem gëtt et kee Grond op der Welt fir dëse Kontrakt tëschent dem Staat also de Steierzueler, fir deen den Deputéierten wéinst zu Verfügung ze stellen."
Och den OGBL well rechtlech Schrëtt ënnerhuele sollt den Accord d'Ancrage net ëffentlech ginn.