Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Run op Lëtzebuergesch Liewensversécherungen?

Franséisch Presidentiellen 2017

Run op Lëtzebuergesch Liewensversécherungen?

Déi franséisch Zeitung Le Parisien hat an engem Artikel geschriwwen, datt räich Fransousen hiert Kapital virun de Presidentschaftswalen zu Lëtzebuerg a Sécherheet géinge bréngen. An och d'AFP schreiwt vun engem staarken Interessi vu franséische Clienten u Lëtzebuerger Liewensversécherungskontrakter. Den Direkter vun der ACA, Marc Hengen, kann dës Informatioun awer net confirméieren.

auto_stories

2 min

Dëse staarken Interessi a leschter Zäit kéim vu Fransousen, déi sech Gedanken em hir Placementer géife maachen. Si wéilten, datt hiert Kapital an Euro investéiert bleift. Esou zitéiert d'AFP de President vun der franséischer "Chambre nationale des conseillers en gestion de Patrimoine", de Benoist Lombard. Hie mécht sech Suergen iwwert eng méiglech Kapitalflucht an aner Länner ewéi Frankräich.

Déi franséisch Zeitung Le Parisien hat ähnlech Bedenke geäussert. Déi Lëtzebuerger Liewensversécherunge sollten eng Sécherheet duerstellen, am Fall, wou d'Fransousen de "Franc" ënnert engem neie President oder President nees géifen aféieren.

Keng massiv Flucht op Lëtzebuerg

De Marc Hengen, Direkter vun der Associatioun vun den Assurancegesellschaften, mengt awer net, datt et zu esou enger Kapitalflucht aus Angscht virun enger Entwäertung a Frankräich kënnt. Et géif zwar e Plus vu 5-10% u franséische Clienten zu Lëtzebuerg, dee kéint awer och op zwee nei Acteuren zu Lëtzebuerg zréckzeféiere sinn, déi virun allem a Frankräich aktiv sinn.

D'Lëtzebuerger Liewensversécherunge wieren awer allgemeng beléift bei de Fransousen. Déi sinn dem Marc Hengen no, d'Haaptclientèle vun de Lëtzebuerger Assurancëgesellschaften. Knapp en Drëttel vun de Primen déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg bezuelt ginn wieren aus Frankräich.
E steierlechen Avantage géif et awer net zu Lëtzebuerg.

Nees "Franc" amplaz vum Euro?

Dräi Deeg virun de Presidentschaftswahle maachen sech vill Investisseure Gedanken iwwer d'Zukunft vum Euro. Déi géif op dem Spill stoen wa beispillsweis d'Marine Le Pen a Frankräich un d'Rudder géif kommen, zitéiert d'AFP haut eng Partie Ekonomisten.

Och wann sech vill Suerge gemaach géife ginn an d'Marchéen sech gären Angscht géife maachen, géif et den Ament awer keng grouss Beweegunge ginn. Virun allem well d'Marine Le Pen eng Sortie aus dem Euro net duerchsetze kéint. Dat wier verfassungsrechtlech a politesch net méiglech, gëtt en Ekonomist vun enger Schwäizer Bank zitéiert.

Och d'ACA mécht sech Suergen iwwert e méigleche "Frexit". Eng EU ouni Frankräich also. D'Exportland Lëtzebuerg wier vum fräie Marché ofhängeg. E méigleche Retour bei den Nationalstaat, wéi vun e puer Presidentschaftskandidate gewënscht, géif Lëtzebuerg schueden, esou de Marc Hengen.