Lëschte mat obligatoresch Bicher ware fréi prett
Virun der Summervakanz haten d'Lycéeën an den Educatiounsministère mat Zäiten d'Lëschte mat den obligatoresche Schoulbicher fir all d'Klasse festgeluecht. Dat wier fir d'Librairien a fir d'Schüler eng gutt Noriicht gewiescht, seet d'Anne Diderich.
"Och déi Bicher déi d'Lycéeë selwer konnte bestëmmen, do hunn d'Schoulen hir Titelen eraginn. Sou datt fir all Schüler, eng perséinlech Lëscht festgeluecht gouf. Am Fong dierften des Kéier keng Ännerunge méi virkommen."
Déi fakultativ Bicher, déi ee selwer misst bezuelen, wieren éischter seelen. Déi meescht Bicher sinn op de Lëschten a falen ënnert d'Gratuitéit. Éier se déi kafen, sollen d'Schüler ofwaarden, wat hiren Enseignant déi éischt Stonn seet, esou d'Anne Diderich.
Schoulbicher hunn zejoert bis zu 300 Euro kascht
Virum neie System vun de gratisse Schoulbicher hätten d'Stéit, jee no Klass, missten tëscht 150 a 300 Euro op den Dësch leeën, präziséiert d'Anne Diderich.
"Dat hänkt dovunner of op wéi enger Klass een ass. Op enger Septième huet ee nach guer keng Bicher. Do hunn d'Läit eng méi héich Zomm missten ausginn."
Akafsbong fir Second Hand Bicher
Fir déi Schüler ze belounen, déi Bicher aus zweeter Hand benotzen, huet den Educatiounsministère Akafsbonge virgesinn.
Schüler déi d'Bicher vun hire Geschwester kréien oder um Second Hand Maart kafen, kënnen déi aus där offizieller Lëscht eraus selektionéieren.
"Dann huet een d'Méiglechkeet fir 50 Prozent vum Wäert vum Buch als Akafsbong ze gebrauchen. Mat deem Bong kann de Schüler entweder déi fakultativ Bicher kafen oder e kann dervu profitéiere fir Papeterie Artikelen ze kafen", esou d'Anne Diderich.
Rentrée ee wichtegen Ament fir Librairien
D'Rentrée wier fir de Secteur ee ganz wichtegen Ament, esou d'Anne Diderich. Virun allem wéinst deene Schüler déi d'Gewunnecht net hunn an eng Librairie ze goen.
"Et sinn déi Schüler, déi nëmmen ee Mol am Joer an de Bicherbuttek erakommen. Wichteg ass et datt wéinstens dat awer bäibehale gëtt, fir datt se den Zoch hunn an datt se wësse wat dat heescht an enger Librairie Bicher ze kafen", seet d'Anne Diderich.