RWE an EON verkafen hier Bedeelegung bei ENOVOS

Di zwee ENOVOS-Aktionären RWE an EON wëlle bis Enn des Joers hier Bedeelegung um lëtzebuerger Energie-Konzern verkafen. Dat huet ons den ENOVOS International-Präsident Marco Hoffmann confirméiert. An zwee separate Bréiwer hätten si him hier Intentioun matgedeelt. Déi zwee däitsch Energie-Konzerner halen zesummen 28,36 Prozent un ENOVOS. Am Prinzip ass et elo un hinne fir no Keefer fir hier Aktien ze sichen, sou de Marco Hoffmann. An enger Question parlementaire  un de Wirtschafts-Minister Etienne Schneider huet den LSAP-Deputéierten Frank Arndt den Ofsprong vun RWE an EON haut an d’Gespréich bruecht. Den Deputéierte wëll ënnert anerem wëssen, op de lëtzebuerger Staat gedenkt vun der Situatioun ze profitéiere fir sech d’Majoritéit bei ENOVOS ze sécheren.

De Marco Hoffmann am Interview mam Michel Delage:

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen