Radioen

On air

De Weekend  |  Æm - City Ties

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Turnfederatioun: De President wëllt trotz Divergenze bleiwen

Sport

Turnfederatioun: De President wëllt trotz Divergenze bleiwen

An der Turnfederatioun FLGym ginn et Meenungsverschiddenheeten iwwert de Stellewäert vum Konschtturne par Rapport zur rhythmescher Sportsgymnastik. Siwe Memberen aus dem Verwaltungsrot hunn dowéinst viru Kuerzem demissionéiert.

auto_stories

2 min

20.000 Euro solle kuerzfristeg an déi rhythmesch Sportsgymnastik investéiert ginn, dee Chiffer hat d'Wort genannt. Domat soll d'Participatioun vun der Elena Smirnowa bei der WM zu Pesaro an Italien optimal preparéiert ginn. "Mir hunn do eng Turnerin, déi capabel ass, e gutt Resultat ze maachen. Dat muss een ënnerstëtzen", seet de President vun der Turnfederatioun, de Jean Goebel. Déi Suen hätte relativ kuerzfristeg missen deblockéiert ginn. Datt eng Sportlerin eng gutt Performance kéint maachen, wéist een eben net scho Joren am Viraus.

Demissioun vu siwe Verwaltungsrotmemberen

Aktuell ass de Verwaltungsrot vun der FLGymn net méi beschlossfäeg: siwe Memberen aus dem Verwaltungsrot hunn nämlech demissionéiert, well si net averstane si mam President.

Béid Disziplinnen, d'Konschtturne wéi och déi rhythmesch Sportsgymnastik, géifen awer zur Turnfederatioun gehéieren, esou de Jean Goebel. Konschtturne géif et scho laang hei am Land ginn, d'Strukture wiere gefestegt. "Bei der Gymnastique Rythmique ass dat nach méi abenteuerlech", sou dem FLGym-President seng Erklärung fir verschidde Problemer. Déi rhythmesch Sportsgymnastik hätt sech an de leschte Jore gutt developpéiert, verschidde Veräiner hätten och ganz capabel Kandidatinnen.

Tëschent Mëtt an Enn September soll elo eng ausseruerdentlech Generalversammlung organiséiert ginn, wou déi siwe vakant Posten nei besat ginn. "D'Turnveräiner si besuergt", seet de Jean Goebel. Si wieren awer net all objektiv a komplett informéiert.

Jean Goebel wëllt President bleiwen

Am Mäerz eréischt gouf de Jean Goebel fir dräi Joer um Presidenteposten confirméiert. "Ech wëll dat Mandat weider ausféieren", seet hien. Et kéint jo net sinn, datt een all Kéier "bei schlechtem Wierder" ufänkt, d'Mandater a Fro ze stellen.