Radioen

On air

De Moien  |  Them Lights - ML

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sakgaass zu Aleppo

Syrien

Sakgaass zu Aleppo

Heiansdo maache Medie méi duercherneen, wéi si informéieren. Dëst Gefill hu vill Léit wann een haut iwwert Aleppo schwätzt. Zeitungen aus Europa an Amerika beriichten haaptsächlech iwwer d'Zivilisten, déi duerch russesch Bombardementer hiert Liewe verléieren. Russesch Zeitunge werfen dem Westen fir, zu Aleppo Islamisten ze ënnerstëtzen. Wat bedeiten dës Headlinen? Wéi steet et mam Krich a wisou schéngt kee Waffestëllstand ze halen?

auto_stories

6 min

Aleppo ass strategesch wichteg. Foto: picture alliance / Jan A. Nicolas

D’Stad Aleppo spillt schonn zënter Joerhonnerten eng strategesch Roll. Schonn am drëtte Joerhonnert viru Christus war déi syresch Stad fir seng militäresch Bedeitung an seng Roll am regionalen- an internationale Welthandel bekannt. D’Stad louch um Enn vun der Seidestrooss a konnt sech immens frei wirtschaftlech a kulturell entwéckelen. Mam Bau vum Suez-Kanal um Enn vum 19. Joerhonnert an nom Fall vum Ottomanesche Räich huet d’Bedeitung vun der Stad Aleppo um regionalen Niveau ofgeholl.

Mee d’Stad wier bis haut fir Syrien immens wichteg, seet de Karim Pakzad, No-Ost-Expert beim Institut de Relations Internationales et Stratégiques (IRIS). Virum Krich wier Aleppo den ekonomeschen an historeschen Zenter vu Syrien gewiescht. "Deen deen Aleppo besetzt kann deemno d'Kontroll iwwer Syrien revendiquéieren." Aus deem Grond wier Aleppo esou wichteg, erkläert de Karim Pakzad - fir de syresche Regime genau esou wéi fir d'Oppositioun.

D'Situatioun zu Aleppo

Zënter dem Ufank vum syresche Krich ass Aleppo e wichtege Stëtzpunkt fir d’Oppositioun. Schonn 2012 huet de syresche President Baschar al-Assad d’Stad bombardéiere gelooss. Haut huet de Kampf ëm Aleppo en neien Héichpunkt erreecht. D’Loftattacke vum Kreml hu sech zënter dem Echec vum leschte Waffestëllstand ganz intensiv op Aleppo konzentréiert.

Russland bedeelegt sech zënter engem Joer aktiv duerch militäresch Agrëff um syresche Krich. Zënter deem kann ee vun zwou groussen internationale Koalitioune schwätzen, déi elo zu Aleppo hir Interêten duerchzesetze versichen. Op där enger Säit gëtt et déi amerikanesch Koalitioun, op där anerer déi Russesch. Béid Koalitiounen hunn een Zil wat se verbënnt: D’Terrormiliz Islamesche Staat z’iwwerwannen.

"Wéi am Kale Krich"

Iwwert dëst Zil eraus gëtt et scheinbar kee gemeinsamen Nenner méi. Dëst gëtt engem och bewosst wann een d’Medie vu béide Säite liest, déi Russesch an déi sougenannte Westlech. Et huet ee souguer heiansdo d’Gefill, datt et ëm zwee ënnerschiddlech Kricher geet. "An de Medien ass et een Zeenario, wéi am Kale Krich", seet de Pierre Piccinin da Prata, Chefredakter vum "Courrier du Maghreb et de l’Orient." An de westlechen, amerikaneschen a pro-NATO Medien géif gesot ginn, déi russesch Ugrëff géifen op Zivilisten zilen. An de russeschen a chinesesche Medien awer wier dovu riets, datt Russland der rechtméisseger syrescher Regierung géif hëllefen, an am Gaange wier, islamistesch Rebellen ze bekämpfen.

Wat stécht also hannert dësem Krich vun de Wierder? Tatsächlech sinn déi russesch Loftattacken op Aleppo méi déidlech wéi jee fir déi 250.000 Zivilisten, déi am Oste vun der Stad gefaange bleiwen. Et géif vu Streemunitiounen, Attacken op Spideeler an ongesteierte Bomme säitens de Russe geschwat ginn, seet de Stan Brabant, Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg. Déi syresch Arméi géif dem Stan Brabant no "barrel bombs" asetzen. An och d'Behuele vun de Rebelle wier erschreckend.

Keng kohärent Strategie

Et wier natierlech wichteg, iwwert d’Doudesaffer ze schwätzen, mee et géif an den europäesche Medien u geopolitescher Analyse feelen, mengt de Stan Brabant. Kéint dëst och dorunner leien, datt et der Washington-Koalitioun schwéier fält, eng Kohärent militäresch Strategie a Syrien opzeweisen? De Kazmir Pakzad ass dovunner iwwerzeegt. De Problem fir déi westlech Koalitioun géif an der Natur vun der Oppositioun selwer leien, esou No-Ost-Expert.

Haut sinn déi islamistesch Oppositiounsgruppen am stäerksten a Syrien, dëst haaptsächlech duerch Finanzementer aus de Golfstaaten. Zu Aleppo as d’Al-Nusra Front immens präsent - eng Grupp déi ideologesch ganz no un Al-Qaida bléift. Russland géif den Amerikaner fir geheien, dës islamistesch Gruppen z'ënnerstëtzen. Domat hätte si net ganz onrecht, esou de Kamir Pakzad. "D'Oppositiounskämpfer, déi a Jordanien vun den Amerikaner forméiert goufen, si mat moderne Waffen zeréck komm: Si goufen entweder bannent 48 Stonnen ëmbruecht, oder si hu sech Al-Nusra ugeschloss." Esou géifen d'Waffen, déi fir d'Oppositioun geduecht wieren, der Al-Nusra-Front zoukommen.

Keng Chance fir ee Waffestëllstand

De Kamir Pakzad mengt, datt déi verschidde méi kleng Oppositiounsgruppen och fräiwëlleg op der Säit vun der Al-Qaida-frëndlecher Oppositiounsgrupp géife kämpfen, well si soss keng Chance hätten. Dëst géif deelweis erklären, wéisou de leschte Waffestëllstand kaum gehalen hätt. Dëse Waffestëllstand tëscht Russland an den USA wier ouni den Accord vun Daesh an Al-Nusra geschloss ginn. "D'USA hunn et net fäerdeg bruecht, den net-jihadistesche Kämpfer deen Accord z'imposéieren, esou den Expert bei IRIS. Déi Kämpfer géifen awer vun der Al-Nusra-Front ofhänken a kéinten ouni si net existéieren.

Muechtkampf vu Russland

Russland konnt sengersäits eng immens zolidd Allianz mam syresche President Baschar al-Assad opbauen. Déi gewënnt den Ament d’Iwwerhand. Esou ginn d’Doudesaffer vun de Russe kaum erwähnt: Russland wéilt elo seng Stäerkt weisen, betount de Kamir Pakzad. "Russland ass an engem Muechtkampf mat den USA an den Europäer, als éischt iwwer d'Ukraine an elo iwwer Syrien." Dofir géif Russland sech dem Kamir Pakzad no och net aus Syrien zeréck zéien.

D'USA an hir Alliéiert géifen hirersäits hirersäits hir Defaiten zu Aleppo net akzeptéieren. "Well d'Defaite zu Aleppo ... dat géif d'Defaite vun der ganzer Oppositioun a Syrien mat sech bréngen."

Hunn d'USA nach Afloss?

De Chefredakter vum "Courrier du Maghreb et de l’Orient." Pierre Piccinin da Prata mengt awer, d'USA kéinten de russeschen Afloss limitéieren. Iwwert d'NATO géifen d'USA a Russland, Polen a Rumänien nei Verdeedegungssystemer op d'Bee stellen. De Barack Obama wier virsiichteg, esou de Journalist. "Ech mengen net, datt den Trump oder d'Hillary Clinton - déi bekannt dofir ass, datt si fir Krich ass - d'Situatioun berouege kënnen oder en Accord fanne kënnen."

De Chefredakter mengt, de Waffestëllstand géif sech vum selwen astellen. Den Islamesche Staat wier am Gaange sech zeréck ze zéien an Aleppo géif wahrscheinlech vum syresche Regime zeréck erobert ginn. De Regime hätt Palmyra schonn zeréck gewonnen. Syrien géif dann ënner russeschem Afloss bléiwen an de Weste misst domat eens ginn.

International Konsequenzen

Och nom Enn vum Kampf ëm Aleppo ass eng weider Verschlëmmerung vum syresche Krich ze fäerten. Dorunner wäert an éischter Linn d’Zivil Bevëlkerung leiden. Mee iwwert déi direkt Konsequenze vun déidlechen Ausernanersetzungen eraus, hätt de Krich och immens negativ Nowierkunge fir d'Weltgemeinschaft, ënnersträicht de Stan Brabant vun Amnesty Lëtzebuerg. "Eise Rereferenzkader fir dat internationaalt- an humanitäert Recht ass an engem ganz schlechten Zoustand." De Krich hätt international Konsequenzen. "Datt zum Beispill d'sudanesesch Regierung zu Darfur chemesch Waffe benotzt huet - dat ass well den Asaz vun esou Waffen a Syrien net bestrooft gouf."

Esou ass Syrien net nëmmen e Krich vum Bashar al-Asad géint d’Oppositioun, vun der Laïzitéit géint den Islamismus oder vum Weste géint Russland. Duerch eng Normalisatioun vun der Impunitéit a vun der Grausamkeet an engem Klima vun der Desinformatioun ass et och e Krich géint jiddereen.