Radioen

On air

Notturno  |  Squid - Swing (In A Dream)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Salariée si manner zefridde mat der Work-Life-Balance

Etüd iwwer Aarbecht a flexibel Aarbechtszäiten

Salariée si manner zefridde mat der Work-Life-Balance

Eng méi grouss Flexibilitéit bei der Andeelung vun der Aarbechtszäit féiert a ville Fäll net zu manner Belaaschtung, an och net dozou, datt ee Beruffs- a Privatliewe besser ënnert en Hutt kritt. Dat ass eng Konklusioun vun der "Quality of Work" Etüd vun der Chambre des Salariés.

auto_stories

3 min

E wichtegt Element vun der Etüd ass den Aarbechtsqualitéits-Index. Dëse läit 2019 e bësse méi héich wéi dat Joer virdrun, mee en Gros kann een zënter 2014 kee wierklechen Trend beobachten. Anescht gesäit et bei den eenzelen Dimensiounen vum Index aus. Kierperlech Belaaschtung an de Risiko vun Aarbechts-Accidenter wieren erof gaangen. Op där negativer Säit wier notamment d'Charge emotionell awer erop an d'Méiglechkeet am Betrib matzebestëmmen erofgaangen, erkläert den David Büchel, Aarbechts-Psycholog bei der Salariatskammer. D'Belaaschtung duerch e Surplus vun Aarbecht, duerch d'Komplexitéit vun der Aarbecht hätt och en Impakt op d'Salariéen.

Dat géif och dozou féieren, datt vill Leit Schwieregkeeten hunn, hiert Beruffs- a Privatliewen ënner en Hutt ze bréngen. "Mir gesinn datt dëst Joer d'Zefriddenheet mat der Work-Life-Balance sech verschlechtert, mir hu lo zënter sechs Joer en Trend no ënnen."

An der Moyenne géifen d'Leit dräi Stonnen d'Woch méi laang schaffen, wéi et an hirem Vertrag virgesinn ass, sou den David Büchel. Et wier och net vir déi éischte Kéier, datt een dat géif beobachten.

"A wa mer dann no der Ursaach vun den Iwwerstonne froen, dann ass et net well d'Leit dat onbedéngt gäre wëlle maachen, och net fir méi ze verdéngen, mee et ass éischter, well de Betrib dat freet, well d'Aarbechtslaascht sou héich ass, datt se soss hier Aarbecht net kéinte packen."

Indice fir a Richtung Aarbechtszäitverkierzung ze goen?

Wann een da géif kucken ob d'Leit eppes vun hire geschafften Iwwerstonnen hunn, da géif ee feststellen, datt iwwer 30 Prozent vun de Leit, weder Revenue dofir kréien, nach dës Stonnen spéider als Fräizäit zeréck kréien, sou den David Büchel.

An der Etüd goufen d'Leit och gefrot, ob si an hire Verträg déi Unzuel un Aarbechtsstonnen hunn, déi si sech wënschen. Dobäi hätt een eng Tendenz kënne feststellen, sou d'Presidentin vun der Chambre des Salariés, Nora Back. Déi Leit, déi Vollzäit-Schaffen géife sech oft wënschen manner ze schaffen, wärend vill vun deene Leit, déi Deelzäit-Schaffen méi wéilte schaffen. Der Nora Back no, géif d'Idealzäit méi an der Mëtt leien.

Fir d'OGBL-Presidentin ass dat och en Indice, datt een an d'Richtung vun enger genereller Aarbechtszäitverkierzung bei vollem Lounausgläich misst histéieren. Datt Leit aus finanzielle Grënn méi wéilte schaffen, weist fir d'Nora Back op e Verloscht vu Kafkraaft hin. Weider fuerdert gi Lounerhéijungen, eng Erhéijung vum Mindestloun a méi prestations familiales fir dësem Kafkraaftverloscht entgéint ze wierken.

"Falsch Flexibilitéit"

Paradoxerweis sinn et déi Salariéeën, déi hier Aarbechtszäit ganz vum Patron virgi kréien, déi nach em seelensten Iwwerstonne maachen, seet d'Nora Back. Am meeschten Stonne schaffen déi, di uginn, datt si hier Zäit ganz fräi kennen andeelen.

"Dat heescht, dat ass sou eng falsch Flexibilitéit. Dat ass sou een artificielle Konstrukt wou gesot gëtt: Du bass Meeschter iwwer deng Aarbechtsstonnen. Mee du kriss et am Fong guer net anescht geléist, wéi fir méi ze schaffen."

Fir op d'Defien vun enger geännerter Aarbechtswelt ze reagéieren, misst een als Gesellschaft kucke fir Léisungen ze fannen, esou d'Nora Back. Fir si kéint dat just an engem gesonde Sozialdialog geschéien "wou een och emol ka streiden, a wou een och kann anerer Meenung sinn, mee wou een awer zesummen op engem Dësch sëtzt a versicht Léisungen ze fannen."