Den Interview vum Serge Kesseler mat der Sam Tanson:
Virum Gebai vun der SNHBM hunn eng Partie Leit stonnelaang gewaart, fir de Moien hire Kandidaten-Dossier ofzeginn, fir Wunnengen an Haiser, déi zu Alzeng gebaut ginn. Déi aktuell Prozedur vum ëffentleche Promoteur gesäit vir, datt d'Bienen un d'Leit vergi ginn, an der Reiefolleg an där si hiren Dossier ofginn.
D'Ministerin Sam Tanson weist sech "relativ schockéiert" iwwer d'Photo vun de Leit, déi virun de Büroe vun der Société nationale des habitations à bon marché campéiert hunn.
"Et weist einfach wéi ugespaant an dramatesch d'Situatioun um Wunnengsmaart ass. Dat ass natierlech eppes, wat op villen Niveauen inacceptabel ass. Op där enger Säit fannen ech et net würdeg, wa mir op Situatioune kommen, wou Leit campéiere fir eng Wunneng ze kréien. Et weist awer och, wéi grouss de Besoin ass, datt mir handelen."