Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson schockéiert iwwer Online-Polemik

"Autre parent de naissance"

Sam Tanson schockéiert iwwer Online-Polemik

D'Polemik ëm d'Ännerung am Gesetzesprojet iwwer d'Adoptioun a kënschtlech Befruchtung schockéiert d'Sam Tanson. Nieft de perséinleche Beleidegunge géint d'Justizministerin bedauert si, datt et zu kengem Moment ëm dat eigentlecht Gesetz gaange wier.

auto_stories

2 min

D'Sam Tanson ass Ministerin fir Justiz a Kultur. Foto: Archiv

D'Justizministerin ass schockéiert iwwer d'Polemik, déi de Weekend op de sozialen Netzwierker ronderëm d'Ännerung am Gesetzesprojet iwwer d'Adoptioun a kënschtlech Befruchtung opkomm ass.

Am Gesetzesprojet war d'Wuert Papp duerch "Autre parent de naissance" ersat ginn, wouropshin d'ADR op Facebook e Slogan mat "Ech si Papp" gepost huet.

Juristesch Schrëtt géint Beleidegunge méiglech

Ënner den Aussoen, déi op de sozialen Netzwierker gemaach goufe wiere vill perséinlech Beleidegunge gewiescht bedauert d'Justizministerin Sam Tanson. Si wier um iwwerleeën, fir sech vu verschiddene sozialen Netzwierker ofzemellen:

"Géint mäin Ausgesinn, mäi Mann, meng Famill, meng Partei... Dat geet vu Beleidegunge bis zum Fait, datt ee soll geschloe ginn, e Lach an de kapp kréie well da wier säi Kapp wéinstens als Brutkasten ze benotzen (...) Meng Léift fir sozial Netzwierker ass net an d'Luucht gaangen de Weekend."

D'Justizministerin géif och rechtlech Schrëtt net ausschléissen.

D'Recht, ze wësse vu wou een hierkënnt

Verwonnert iwwer d'Polemik ass d'Sam Tanson och well et keen neien Ament an der Diskussioun ronderëm de Gesetzesprojet géif ginn. Zënter dem Marriage pour tous géif vu Parents geschwat ginn an de Gesetzestext hätt näischt mat der Familljekonstellatioun ze dinn.

Et géif sech ëm dat fundamental Recht handelen, datt e Kand weess vu wou et hier kënnt. Bei der Adoptioun oder der kënschtlecher Befruchtung kéinten dat nieft engem Papp an enger Mamm ënner anerem eben och zwou Fraen oder zwee Männer sinn.

Fir deene verschiddenen Intervenanten ee gemeinsame Begrëff ze ginn hätt d'Justizministesch de Choix getraff fir "autre parent de naissance" an den Text ze schreiwen am Plaz vu Papp.