Radioen

On air

Notturno  |  Jarvis Cocker & Chilly Gonzales - Room 29

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson: "Zouen Entitéit zu Dräibuer huet Schwächten"

Justiz

Sam Tanson: "Zouen Entitéit zu Dräibuer huet Schwächten"

D'Justizministerin wëllt sech nach net festleeën, ob zu Lëtzebuerg een zousätzleche Jugendprisong gebraucht gëtt.

auto_stories

1 min

D'Unisec zu Dräibuer. Foto: Archiv

Am Fong wier déi zouen Entitéit am Erzéiungsheem zu Dräibuer geduecht fir Mineuren, déi schwéier Strofdote beginn, esou d'Sam Tanson. D'Gebai zu Dräibuer hätt awer "eng ganz Rei Schwächten". Zum Beispill géifen am Moment net just Mineuren do ënnerbruecht ginn, déi ganz schwéier stroffälleg sinn.

D'Sam Tanson wëllt sech awer net festleeën, ob d'Léisung fir besonnesch schwéier Fäll deen nach méi gesécherte Prisong wier. "Dat ass u sech net de Problem", esou d'Justizministerin.

"De Problem ass éischter deen, wéi d'Unisec haut opgebaut ass mat awer net ganz vill Plaz fir déi Jonk, déi sech do befannen. Mat net ganz vill Méiglechkeete fir aner Saachen ze maachen, mat zwar wuel enger klenger Sportsinfrastruktur, mee wou wann ee méi laang wéi dräi Méint do ass, awer ganz séier am Krees dréit. An dat ass e bëssen de Problem vun der Infrastruktur."

Am Moment kéim een dem Gesetz no meeschtens nëmme fir dräi Méint an d'Unisec op Dräibuer, esou d'Sam Tanson. Am Moment gëtt awer un engem neie Jugendstrofgesetz geschafft. D'Zil wier et den Text bis Enn d'nächst Joer fäerdeg ze kréien, betount d'Justizministerin.