Wéi déi meescht Experten ass och fir den Artem Kochnev déi wichtegst Sanktioun, déi bis elo decidéiert gouf, d'Afréiere vum Verméige vun der russescher Zentralbank an der EU.
Doduerch, datt d'Bank elo eventuell net genuch Reserven huet fir dee schwaache Rubel um Marché opzefänken, ass hir Kapazitéit limitéiert, hei fir een Ausgläich ze suergen an domat de Finanzsecteur a Russland stabil ze halen, sou den Ekonomist vum Wiener Institut fir International Wirtschaftsetüden.
Ouni SWIFT dauert alles vill méi laang
D'Ausschléissen aus dem Bankeninformatiounssystem SWIFT wier "keng Atomwaff", sou den Artem Kochnev. Intern kéint Russland op Alternativsystemer zeréckgräifen, déi allerdéngs vill méi lues funktionéieren. Am meeschten Impakt hätt déi Mesure op international Payementer, déi ouni SWIFT komplizéiert sinn.
Géif een all déi russesch Banken ausschléisse wieren och kléng Betriber a Privatleit betraff, an et kéint een och déi falsch treffen.
Op der Bourse zu Moskau wier et elo d'Fro, ob d'Zënsen erhéicht ginn, wat Konsequenze fir vill Leit wäert hunn. Onkloer wier et, ob et zu enger Rezessioun komme wäert, sou den Artem Kochnev.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.