D'Cour d'Appel vun der Chambre du Conseil huet d'Uerteel confirméiert. Den 23. August war schonn an éischter Instanz eng Ausliwwerung decidéiert ginn. D'Gesetz gesäit en Delai vun zéng Deeg fir d'Ausliwwerung vir.
Eng 30 Membere vun der kalabrescher Mafia 'Ndranghtha waren den 9. August a méi Länner festgeholl ginn, dorënner mam Santo Rumbo och ee presuméierte Member zu Lëtzebuerg.
D'Ndrangheta gëllt als déi gréisst Mafiaorganisatioun an Europa. Si verdéngt hir Suen haaptsächlech mat illegalem Drogenhandel.