Radioen

On air

Notturno  |  Tindersticks - Stars At Noon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Audit: Vill Mänktem beim SCAS

Assistance sociale

Audit: Vill Mänktem beim SCAS

De Service central d'assistance sociale, kuerz SCAS, ka wéinst diverse Problemer seng Missiounen net anstänneg erfëllen. Déi Conclusioun zitt de Justizminister Felix Braz aus engem Audit.

auto_stories

2 min

Zënter Jore schonn ass bekannt, datt de SCAS serieux Problemer huet. Dobäi huet dëse Service vum Parquet wichteg Missiounen z'erfëllen. Ënnert anerem féiert en op Uerder vum Jugendgeriicht sozial Enquêten duerch, déi Mesuren zum Schutz vum Kand kënne mat sech bréngen.

Den Audit, deen de grénge Justizminister Felix Braz an Optrag ginn hat, huet eng ganz Rei Mänktem un den Dag bruecht. D'Lacunë wiere virun allem "organisatorescher Natur", sou de Minister. "Et geet Rieds vun enger ongläicher Verdeelung vun den Dossieren an engem Schaffen no ënnerschiddleche Kritären", seet de Felix Braz. Och ee Personalmangel géif d'Qualitéit vun der Aarbecht staark negativ beaflossen.

Iwwer 20 Leit misste rekrutéiert ginn

Deen Zoustand hätt sech iwwert d'Joren agestallt, ouni datt eppes dogéint ënnerholl gi wier, sou de Felix Braz. Bei den Erhiewungen, déi am Kontext vum Audit gemaach goufen, wier eraus komm, datt während laange Jore grouss Retarden an den Dossieren accumuléiert gi wieren. "An do geet et awer dacks ëm Kanner, kleng Kanner. Wann do eng Enquête bal ee Joer brauch bis se kann ugefaange ginn, dann ass dat fir Kanner eng laang Zäit, eng inacceptabel Zäit", seet de Minister.

Duerch d'Reformë vum Familljerecht an der Execution des peines kéimen nei Aufgaben op de SCAS duer. Aus deem Grond misst och elo rekrutéiert ginn. Iwwer 20 Leit missten, dem Minister no, an den nächste Jore beim Service central d'assistance sociale agestallt ginn.

Re-Organisatioun ënnert der neier Direktesch

Allerdéngs wier dat net einfach. "Wann ee rekrutéiere wëll, da fënnt een net ëmmer déi adequat Leit, och do hat de SCAS ass de leschte Jore Schwieregkeeten". Ausgeschriwwe Plazen hätten zum Deel net kënne besat ginn, sou de Felix Braz. "Dat hat awer och domat ze dinn, datt de Ruff vum SCAS an de concernéierte Milieuen net dee Beschte war – fir dat mannst ze soen".

De SCAS huet zënter manner wéi engem Joer eng nei Direktesch. Ënnert der Marie-Claude Boulanger wier déi intern Re-Organisatioun schonn an d'Weeër geleet ginn, sou de Felix Braz. Elo wou d'Resultater vum Audit virleie géif déi Dynamik ënnerstëtzt ginn. Suen, déi een an de SCAS géif investéieren, géif een op anere Plaze spueren, sou de Justizminister.

Desastréisen Audit fir de SCASplay_arrow