Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - Sick In The Head

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Schiidsgeriichter net aus Handelsverträg eraushuelen"

Europa

"Schiidsgeriichter net aus Handelsverträg eraushuelen"

Den Europäesche Geriichtshaff huet iwwer den Handelsaccord tëschent der EU a Singapur tranchéiert. D'Uerteel géif d'Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung confirméieren, seet den Ausseminister Jean Asselborn.

auto_stories

2 min

Jean Asselborn (Foto: picture alliance / Peter Steffen)

En Donneschdeg hunn zu Bréissel déi zoustänneg Ministeren op en Neits iwwer d'Ëmverdeelung vun de Refugiéen an der Europäescher Unioun diskutéiert. Vun den 160.000 Flüchtlingen, déi uechter Europa verdeelt solle ginn, sinn der bis elo just 11.000 relokaliséiert ginn.

Et wier schwéier ze verstoen, datt eng Rei vu Länner weider refuséieren, Flüchtlingen opzehuelen, seet den Ausseminister Jean Asselborn. "Dat ass anti-Europäesch a mécht Europa futti."

Dat kéint net sou weider goen, "well soss diktéieren déi, déi géint Europa sinn, wou et hi geet", sou de Jean Asselmborn. Op d'Fro, wéi een elo Drock op déi Länner kéint ausüben, weist hien op d'Finanzperspektiven hin. Op dee Moment, "wann et em d'Verdeele vun de Struktur- oder anere Fongen geet." Hie wier eigentlech net dofir. "Solidaritéit kann een net eleng duerch Sue miessen. Dat ass eng Astellung déi een entweder huet oder net. A wann ee se net méi huet, da gëtt et schwéier fir an deem Veräin ze bleiwen", sou de Jean Asselborn.

Entrevue "dat Normaalst vun der Welt"

De Lëtzebuerger Finanzminister hätt d'Recht, sech mat engem Vertrieder vu Groussbritannien ze treffen, fir iwwert den Austrëtt vum Land aus der EU ze schwätzen. Dat wier dat Normaalst vun der Welt, sou de Jean Asselborn.

De Pierre Gramegna hat sech virun e puer Wochen mam David Jones getraff, ouni dat des Entrevue offiziell bekannt gemaach gi war. Et kéint een als Ministere matenee schwätzen, ouni datt verhandelt gëtt. D'Verhandlung wier awer eleng d'Saach vun der Europäescher Kommissioun.

Lëtzebuerger Positioun confirméiert

D'Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff iwwert den Handels-Accord tëscht der EU a Singapur ass an den Aen vum Ausseminister eng Confirmatioun vun der Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung. Duerch dat Uerteel stéing elo fest, datt déi national Parlamenter an der Fro vun den ëmstriddene Schiidsgeriichter matschwätze kënnen. An dofir hätt ee sech vu Lëtzebuerger Säit agesat.

De Jean Asselborn schwätzt sech dogéint aus, datt de Volet vun deene Geriichter, déi an engem Sträitfall mat Investisseuren tranchéieren, an Zukunft aus engem Handelsaccord erausgeholl gëtt.

"Wa mer déi eraushuelen, ass de Problem iwwerhaapt net geléist, well da sinn déi al Schiidsgeriichter en vigeur", sou de Jean Asselborn. Dat wiere Geriichter déi net ëffentlech sinn, a wou et kee Recours gëtt. Zum Beispill beim Handels Accord tëscht der EU a Kanada, CETA, wier et drëms gaangen des privat Geriichter duerch international Geriichter ze ersetzen. Géifen d'Schiidsgeriichter erausgeholl ginn, "si mer mam nämmlechte Problem konfrontéiert, wéi mir en elo hunn", sou de Jean Asselborn.