Zënter kuerzem kréien déi ronn 100 Dausend Schüler hei am Land ee Schnelltest pro Woch zur Verfügung gestallt fir sech selwer ze testen. An doduerch géifen zousätzlech Infektiounen an de Schoule fonnt ginn.
"Déi kommen bei déi aner dobäi. Mir hoffen natierlech, datt mer doduerch och Infektiounsketten, oder d'Verbreedung vum Virus nach eng Kéier méi fréi kenne stoppen. Mee statistesch gesi wäerten déi Fäll comptabiliséiert ginn, an do kann den Taux natierlech dann och fir d'Schoulen erop goen."
De Claude Meisch seet 80 bis 90 Prozent vun de Schüler, géifen d'Schnelltester, déi se kréien och benotzen. An dat wier däitlech méi eng héich Participatioun, wéi de Participatiounstaux vu ronn 50 Prozent virdrun am Large Scale Testing.
Deemnächst sollen d'Schüler iwwregens net méi just een, mee zwee Schnelltester pro Woch kréien.