Scholde vun Genii Capital S.A. si weider geklommen

D’Scholde vun enger vun den Investissementsgesellschafte vum Gérard Lopez a vum Eric Lux sinn am Joer 2013 geklomm. Genii Capital S.A. hat Enn 2013 Kreditter an Héicht vun 71 Milliounen Euro – néng Millioune méi wéi e Joer virdrun. Dat geet aus de Konten ervir, déi gëscht mat 9 Méint Verspéidung am Handelsregester deposéiert goufen, an déi eis virleien.

Déi consolidéiert Konte vun de Lëtzebuerger Gesellschafte vum Genii Group fir d’Joer 2013 sinn nach net deposéiert. 2012 hat de Grupp Scholden an Héicht vun 186 Milliounen Euro.

Viru kuerzem gouf bekannt, datt den Europäeschen Investitiounsfong (EIF) Problemer hat mat engem geplangte Risiko-Kapital-Kompartiment am neie Luxembourg Future Fund. Dat Kompartiment, dat vun Genii Capital sollt geréiert gi, gëtt dowéinst net Realitéit.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen