Radioen

On air

Tockcity  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Beamten an d'Beruffsgeheimnis

School Leaks

D'Beamten an d'Beruffsgeheimnis

D‘Verwaltungsgeriicht huet d’disziplinaresch Strofe fir zwou Enseignantë confirméiert. Déi Concernéiert wëllen net an Appel goen. Am penale Volet sinn d'Affekoten iwwerdeems net mat der Interpretatioun vun der Regierung averstan, datt d'Fräispréch aus éischter Instanz d‘Fonction publique op d’Kopp géife geheien.

auto_stories

3 min

(Foto: © Bigstock)

Déi an der "School-Leaks-Affär" beschëllegt Enseignanten haten am Mäerz 2015 d‘Froe vum Orientatiounsexamen fir vun der Grondschoul an de Lycée ze kommen un Eltere vu Schüler weiderginn, nach während d‘Examen am Gaange waren.

Véier Enseignante kruten eng Disziplinarstrof. Zwou vun hinne si géint d’Héicht vun der Strof a Recours gaangen, déi zwou Frae goufe sechs, respektiv ee Mount vum Déngscht ausgeschloss a kruten och keng Paie méi. D'Verwaltungsgeriicht hält dës disziplinaresch Strofe vum Conseil de discipline vun de Staatsbeamten fir verhältnisméisseg.

Geriicht motivéiert Disziplinarstrof

D’Haaptugekloten hat d’Neutralitéit vum Conseil de discipline vun de Staatsbeamten an dunn d’Proportionalitéit vun hirer Strof a Fro gestallt. Si acceptéiert d‘Uerteel vum Verwaltungsgeriicht elo awer. D'Beamtin, déi virdrun eng feelerfräi Carrière hat, wier sechs Méint ouni Bezuelung suspendéiert ginn, wat eng vun den héchste disziplinaresche Strofe wier, déi ee bei engem Fonctionnaire kéint decidéieren. Dat hätt net misse sinn, mengt hiren Affekot, de Maître Sam Ries.

D'Geriicht hätt elo festgehal, datt déi Strof esou "an der Rei" wier an dat och deementspriechend motivéiert. Deemno mengt den Affekot, datt een Appel géint d'Uerteel wéineg Chance hätt ze reusséieren.

Penale Volet: Verstouss géint Beruffsgeheimnis?

Nieft der Disziplinarprozedur ass d'School-Leaks-Affär och virum Strofgeriicht. Den Educatiounsministère hat géint dräi vun de concernéierten Enseignantë wéinst Verstouss géint d'Beruffsgeheimnis geklot. Ugeklot war och de Mann vun enger Enseignanten. Alle véier goufen den 9. Februar an éischter Instanz fräigesprach. De Parquet huet schonn annoncéiert, datt en an Appel geet.

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) hat op Twitter kritesch op d'Uerteel aus éischter Instanz reagéiert:

Och d'Familljeministesch Corinne Cahen (DP) huet d'Uerteel kritesch kommentéiert:

D'Geriicht hätt Contraire zur Praxis gehandelt, huet et dozou op Nofro hin am Educatiounsministère geheescht. D'Uerteel géif dem Beruffsgeheimnis vun all de Beamten, net just den Enseignanten, d'Grondlag huelen.

Well ee vun den Ugekloten, de Mann vun enger Enseignante, kee Fonctionnaire ass, wier hien guer net bestrooft ginn, sot iwwerdeems de Stéphane Decker. Den Affekot vum Staat, deen am Prozess Partie civile ass, huet gewarnt, dass de School Leaks Prozess aus dem Grond e Prezedenzfall kéint ginn.

"Komplette Quatsch"

Den Affekot vun enger vun den Ugekloten, de Maître Yves Kasel, kritiséiert den Educatiounsminister Claude Meisch a betount, datt d’Beruffsgeheimnis d’Fonctionnairen net automatesch géif betreffen:

"D’Behaaptung aus Regierungskreesser, déi Decisioun géif elo déi ganz Fonction Publique bouleverséieren, dat ass komplette Quatsch. Déi franséisch, déi belsch an déi lëtzebuergesch Rechtssprechung si sech zënter 1810 eeneg, datt de Fonctionnaire dem Beruffsgeheimnis net ‘per se’ ënnerläit, well et laut dem Wëlle vum Gesetzgeber de ‘secret professionel’ aus dem Code penal just déi Leit betrëfft, déi intim Confidencen entgéint huelen. Vun dohier fannen ech och befriemlech, datt Stellvertrieder vun eiser Regierung, sech erstaunt ginn datt déi Faiten net strofbar sinn. Wie mécht dann d’Gesetzprojeten, wann net d’Regierung? De Bildungsminister hätt besser dru gedoe sachlech ze bleiwen an d’Uerteel duerchzeliesen amplaz a Form vu getwitterten Emoticonen d’Emotioune vun de Bierger unzespriechen."

Elo ass et dann un der Cour d’Appel fir ze decidéieren wéi den Artikel 458 vum Code pénal ausgeluecht gëtt.