Radioen

On air

De Moien  |  Taina Bofferding

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoul a Migratiounshannergrond

Kommentar

Schoul a Migratiounshannergrond

Kanner vu Migrante kommen an der Schoul an der Reegel méi schlecht ewech wéi déi aner Kanner, zemools hei zu Lëtzebuerg. Dee Constat huet d'OECD, d'Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung, eemol méi an engem frësche Rapport gemaach. Datt de sougenannte " Migratiounshannergrond " ee wichtegen Handicap an der Schoul ass, kann een net vun der Hand weisen. Allerdéngs verstoppt dee Facteur dee méi grousse Problem vum sozio-ekonomeschen Hannergrond, mengt de Michel Delage an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

D'Sprooch ass zwar net déi eenzeg, mee op jiddefalls déi gréisste Barrière, déi Kanner vu Migrante mussen iwwerwannen, fir sech an der Schoul gutt ze spieren an deementspriechend och gutt Resultater z'erreechen. Dat geet aus dem OECD-Rapport ervir. Hir Chancen, fir sech d'Basiskompetenzen unzeeegene wieren an der Moyenne zwee Mol méi niddreg wéi fir Kanner, deenen hir Eltere vun hei sinn.

An deem Rapport gëtt een dann och gewuer, datt Lëtzebuerg ee vun deenen OECD- an och EU-Staaten ass, an deene Kanner vu Migranten sech manner mat hirer Schoul verbonne fillen. Allgemeng wiere si manner mat hirem Liewen zefridden, och wann d'Motivatioun, fir et zu eppes ze bréngen, am Duerchschnëtt méi héich wier. Mee de sougenannte "Migratiounshannergrond" ass net deen eenzegen Handicap an der Schoul, a méiglecherweis och net dee wichtegsten.

Sozio-ekonomeschen Hannergrond spillt eng wichteg Roll

D'Kanner vu Migrante sinn net all d'selwecht gestallt. Deenen engen hir Eltere kënnen Akademiker sinn an ee gutt bezuelte Beruff hunn, während d'Eltere vun anere Kanner Aarbechter, kleng Beamten oder vläicht och Chômeure sinn. Dee gréissten Handicap ass einfach déi sozio-ekonomesch Origine vun de Kanner. Datt d'Eltere méi aarm sinn, datt et fir d'Kanner an der Schoul méi schwéier gëtt. Dat gëllt souwuel fir Kanner vu Migrante wéi och fir Kanner, där hir Eltere vun hei sinn.

Den Educatiounsministère an d'Uni Lëtzebuerg hate virun zwee Joer festgestallt, datt hei zu Lëtzebuerg de sozio-ekonomeschen Hannergrond bal dräi Mol méi Gewiicht huet an der schoulescher Carrière wéi d'Sprooch, déi doheem geschwat gëtt, respektiv de "Migratiounshannergrond" - iwwregens ee Begrëff, deen ee muss hannerfroen, well en net genuch differenzéiert an dat Sozio-ekonomescht verstoppt.

Wirtschaftsmodell a Fro stellen

Et ass zwar sou, datt de Lëtzebuerger Schoulsystem och fir Kanner aus méi héije soziale Klasse méi ongerecht ass wéi fir d'Lëtzebuerger aus deene selwechte Klassen. Bei sozial schwaache Famillje kënnt de Facteur "Migratioun" als zousätzlechen Handicap dobäi. Et huet een den Androck, wéi wann déi sozio-ekonomesch Origine ëmmer méi géif ausgeblent ginn, ënnert anerem och vun der OECD, wat - an dat däerf een net vergiessen - eng wirtschafts-liberal Organisatioun ass. Firwat ass dat esou?

Fir déi dominant politesch Ideologie schéngt leider net de Prinzip ze gëllen, datt ee fir d'éischt ee Problem identifizéiert an dann no de Léisunge sicht, mee ëmgedréint: Mir hu Léisungen, elo musse mer nach de Problem, deen dobäi passt, definéieren. Léisungen a Bezuch op d'Sprooche sinn de liberale Regierunge ganz einfach méi zouzemudde wéi decisiv Mesure géint déi sozial Ongläichheeten, de Wirtschaftsmodell misst an deem Fall grondleeënd a Fro gestallt ginn. D'Lëtzebuerger Ekonomie wiisst nees zolidd, mee dat huet e Präis.

Déi sozial Inegalitéiten hu sech an deene leschte Jore verschäerft. D'Beispill vum neie REVIS, dem fréieren RMG, bei deem vill mannerbemëttelt Famillje Sue verléieren, weist, datt d'Regierung net gewëllt ass där Tendenz entgéint ze wierken. Och wa si et net wëllen zouginn. Eng Debatt iwwert d'Sproochepolitik, och wann déi vu Populisten ugeheizt gëtt, passt deene grousse Parteien dach éischter an de Krom.


D'Dageschronik vum Michel Delage:
Lauschterenplay_arrow