Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gossip - Give It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoul an der Stuff

Joresréckbléck

Schoul an der Stuff

De 15. Mäerz sinn d'Schoulgebaier wéinst der Pandemie fir ronn zwee Méint ganz zougemaach ginn. Den Homeschooling war un der Dagesuerdnung. Et war eng Première fir de Lëtzebuerger Schoulsystem, déi vill Erausfuerderunge fir all Betraffe mat sech bruecht huet.

auto_stories

3 min

Ganz iwwerraschend koum et net - an awer huet an de Schoule wéinst dem Lockdown quasi vun engem Dag op deen aneren alles geännert. D'Diere sinn zoubliwwen, den Unterrecht huet sech op de Bildschierm verlagert.

"Et ass keng Vakanz"

Fräi sollten d'Schüler an d'Enseignanten awer net hunn, esou den Educatiounsminister Claude Meisch: "Et ass ee Challenge fir dat hei gewënnbréngend ze notzen, et soll ee léieren, et ass keen, dee moies um 8h op d'Schell dréckt."

Den Ufank war wuel fir kee vun de Bedeelegten evident. De Ralph Schon, Schoulmeeschter zu Wolz, huet seng éischt Erfarunge mat Homeschooling deemools esou beschriwwen.

"Do muss ee sech bësse selwer eraschaffen, wat gëtt et vu Méiglechkeeten, vun Homeschooling, vu Léieren iwwer Distanz, oder wéi kënne mer Cours halen iwwer Internet oder mat Video oder wéi och ëmmer, am Moment si mir mengen ech do alleguer an enger Findungsphas."

An zu där Findungsphas hunn awer net nëmmen déi bekannten technesch Problemer gehéiert, esou d'Vicky Stoll, Däitschproff am Kolléisch: "Deen een ass net erakomm, deen anere wousst säi Passwuert net méi, oder anerer hu vläicht kee Laptop oder deelen sech ee mat den Elteren, déi awer Homeoffice musse maachen."

Net jiddwereen ass online ze erreechen

Sozial Ongläichheeten si wärend dem Homeschooling séier een Theema ginn. Zwar huet de Ministère ronn Dausend Schüler een Tablett oder Computer zur Verfügung gestallt. Kanner, déi doheem keen Internetuschloss hunn, kruten op anerem Wee Blieder ausgedeelt.

Trotzdeem war et eng Erausfuerderung ze garantéieren, datt all Schüler matkënnt. Den Näerzenger Schoulmeeschter Carlo Muller:

"Mir mussen do oppassen, datt mer déi, déi eben net déi Moyenen hu fir hire Kanner ze hëllefen, sief et aus sproochleche Grënn oder aus soss Grënn, datt mer drop oppassen, datt et eben do net ze vill zu Ongerechtegkeete kënnt. Mee dat ass natierlech een Challenge."

An den zwou éischte Woche vum Confinement waren zéng Prozent vun de Schüler net erreecht ginn, esou den Educatiounsministère. Duerno wier deen Taux progressiv erofgaangen. Den Challenge fir Kanner aus méi benodeelegte Famillen opzefänke war Ufank Mee och een Theema an der Chamber. Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché:

"Fir den Teletravail vun engem am Homeschooling vun engem oder méi Kanner parallel ze organiséieren, dat féiert ganz séier zum Chaos. Wat déi Form vun Enseignement also méi laang undauert, wat Kanner aus deene Stéit méi riskéieren an d'Hannertreffen ze geroden."

Eltere kënne Congé ufroen

Anescht wéi a verschidden Nopeschlänner konnten hei am Land vill Elteren zum Deel vun der Aarbecht entbonne ginn, fir - bei vollem Loun - no de Kanner ze kucken, wann déi manner wéi 13 Joer al waren. Mam Lockdown am Mäerz gouf nämlech och de Congé pour raisons familiales ugepasst, eng Mesure, déi de Staat eng 250 Milliounen Euro kascht huet.

Eng Erausfuerderung war d'Fermeture vun de Schoulen och fir d'Schüler vun den Ofschlossklassen. Mat engem Covid-bedéngten adaptéierte Premièresexamen ass fir si am Mee d'Schouljoer op en Enn gaangen.