Radioen

On air

Notturno  |  Cloth - Never Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schutz fir Whistleblower

EU-Kommissioun

Schutz fir Whistleblower

E Méindeg soll d'EU-Kommissioun eng Direktiv fir de Schutz vu Whistleblower virstellen. Dem radio 100,7 läit dëse Projet de loi fir. Doraus geet ervir, datt dat neit Gesetz hätt kënnen dofir suergen, datt d'Geschicht vum Antoine Deltour anescht verlaf wier.

auto_stories

4 min

Et gouf laang drop gewaart, d'Kommissioun huet widderhuelt drop higewisen, si kéim mat esou enger Propose. E Méindeg ass et also sou wäit. Da leet d'Kommissioun hir Propose op den Dësch vun enger Direktiv, "fir Minimum Standarde fir d'Protektioun vu Persounen, déi iwwer e Broch vum Gesetz a spezifesche Beräicher vun der EU-Politik reportéieren".

"Een historesche Moment"

D'ONG Transparency International schwätzt vun engem historesche Moment. Virun dräi Joer hätt d'EU-Kommissioun gesot, datt si en neit Gesetz géif maachen. Besonnesch d'Panama Papers an d'LuxLeaks hätten den Impuls ginn, fir d'Politik an deem Beräich ze veränneren, seet den Nick Aiossa.

D'ONG dierft mat deem, wat e Méindeg proposéiert gëtt, éischter zefridde sinn. D'Kommissioun huet iwwert 5000 Äntwerte vun enger ëffentlech Enquête ausgewäert, zejoert extern Etüden an Impaktstudie gemaach.

An all Organisatioun, ëffentlech oder privat, grouss oder kleng, kéint illegal agéiert ginn, heescht et em Projet de loi, deen dem radio 100,7 virläit. Dat ka vill Formen unhuelen: Korruptioun, Bedruch, Mëssbrauch oder Negligencen. Deem misst een am ëffentlechen Interêt nogoen. A Whistleblower hëllefen, dat ze maachen.

Breet Definitioun vun engem Whistleblower

Whistleblower, schreift d'Kommissioun, spillen eng Schlësselroll, andeems se op Infraktiounen opmierksam maachen. Allerdéngs wiere "potentiell lanceur d'alerten dacks decouragéiert, hir Bedenken oder hire Verdacht ze mëllen, aus Angscht vru Repressiounen". Dowéinst sollen elo Leit, déi Hiweiser dorop hunn, datt Europäescht Recht gebrach gëtt, gesetzlech geschützt ginn.

Ënnert d'Direktive falen eng ganz Rei Secteuren. Nieft de Finanzservicer ass dat och d'Transport- an d'Nuklearsécherheet, Gesondheet, Ëmwelt, Déieren- a Konsumenten an Dateschutz an déi finanziell Interête vun der EU.

Ween Informatiounen doriwwer huet, datt géint europäesch Gesetzer an deene Beräicher verstouss gëtt, soll an Zukunft protegéiert ginn. Dobäi geet et net nëmmen drëm, datt ee Gesetz muss wierklech gebrach ginn, d'Direktive gräift och, wann Aktivitéiten u sech net illegal sinn, mee géint d'Zil vum Gesetz sinn. Eng Präzisioun, déi zum Beispill am Fall Deltour eng grouss Roll gespillt hätt, well hien ebe keng Informatiounen iwwert explizit illegal Aktivitéite viruginn huet.

Stufeweise Mechanismus

De Whistleblower muss "raisonnabel Grënn hunn, ze gleewen, datt déi Informatioun, déi hie viru gëtt, wouer ass". Déi, déi wëssentlech falsch Informatioune verbreede falen also net ënnert d'Protektioun. Esou wéilt een Abuse verhënneren, seet d'Kommissioun am Text.

Geschützt ginn net nëmmen Employéen, mee och Stagiairen oder Independanten, genee ewéi Aktionäre vun enger Entreprise. Fir ënnert d'Direktiv ze falen, hätt den Antoine Deltour deemno wéi misse stufeweis virgoen.

Als éischt intern mellen

E Whistleblower soll d'éischt säi Verdacht intern an der Entreprise mellen, wann dat net funktionéiert, sech un eng extern Autoritéit wennen. Als lescht Instanz kéimen eréischt d'Medien. D'Protektioun vu Whistleblower "als journalistesch Quell" wier kruzial fir d'Iwwerwaachungs-Roll vum investigative Journalismus an demokratesche Gesellschaften, heescht et am Text.

Entreprise mat iwwer 50 Employé'en a mat engem Ëmsaz vun iwwer zéng Milliounen Euro d'Joer mussen déi entspriechen Instanzen ariichten, un déi sech ee Whistleblower wenne kann. Bei Entreprisen aus dem Finanzsecteur, déi kéinten eppes mat Blanchiment oder der Finanzéierung vun Terrorismus ze dinn hunn, gëllen des Limitten net.

EU-Memberstaate mussen hirersäits Autoritéiten domat beoptragen, déi entspriechend Rapporten entgéint ze huelen.

Keng europäesch Agence

Eng europäesch Agence fir Whistleblower huet d'Kommissioun an hirem Text net zeréckbehalen. Dofir hate sech ONG'en an Europaparlament agesat. Sou eng Agence géif hëllefen, dem Whistleblower déi Ënnerstëtzung, déi him zegutt steet, och zoukommen ze loossen, souwuel wat d'Berodung, wéi och wat d'Enquête ugeet, esou den Nick Aiossa.

D'Direktiv huet allerdéngs nach ee laange Wee viru sech. Vum Europaparlament ass net onbedéngt mat vill Widderstand ze rechnen. Anescht gesäit et bei de Memberlänner aus. Spuenien, genee ewéi verschidden Osteuropäesch sinn net enthusiastesch.

Länner wéi Frankräich oder Irland hunn eréischt just ee Gesetz gemaach, an dierften dowéinst net erpirscht drop sinn, do nozebesseren. Zu Lëtzebuerg hat de Justizminister Felix Braz schonn e puer Mol gesot, et géif een op Bréissel waarden, ier ee selwer mat enger Propose kéim. Deem steet elo näischt méi am Wee.


D'Danièle Weber am Panorama den 20. Abrëll um 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow