Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Poppy Ajudha - Watermelon Man (Under The Sun)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schutzblusen amplaz Männerkostümer

Corona-Kris

Schutzblusen amplaz Männerkostümer

Masken, Casquen, Blusen - d'Demande fir Schutzkleedung weltwäit wéinst der Pandemie ass esou grouss, datt d'Produzenten net nokommen an d'Material geklaut gëtt. Dofir fueren elo lokal Produktiounen un, déi a normalen Zäiten um globaliséierte Marché ni konkurrenzfäeg wieren. Wéi d'Produktioun vu Schutzblusen zu Uewerkäerjeng, déi op Commande vun der Fondatioun vun den Hôpitaux Robert Schuman bitzt.

auto_stories

4 min

D'Bitzmaschinnen am Atelier Eva Ferranti zu Uewerkäerjeng lafen de Moment op Héichtouren. Soss ginn hei elegant Männerkostümer gebitzt, a wann een aus der Entrée duerch d'Fënster an den Atelier selwer erakuckt, gesäit een och nach faarweg Muster a Këschte voll Zwier.

Eragoen dierf een net, elo ginn hei nämlech am Optrag vun der Fondatioun vun den Hôpitaux Robert Schuman fir d'medezinescht Personal Blusen aus Tyvek produzéiert. Déi wäiss Kiddele kéipe sech nieft den Néieschen. De Betrib, wou dräi Leit geschafft hunn, huet ëmorganiséiert an zéng Mataarbechterinnen agestallt, wéi de Paul Chambers erkläert.

"Dat si Retoucheusen, Leit déi professionell bitzen. Déi hunn et de Moment jo schwéier, well si däerfe jo net schaffen. Heimat komme si och iwwer d'Ronnen."

De Modell fir d'Blusen hunn d'Hôpitaux Robert Schuman geliwwert, e Patron gouf gemaach, e bëssen diskutéiert. "An dunn hu mir se gebitzt", seet de Paul Chambers, dee koordinéiert. Ganz esou flénk goung et net.

D'Produktioun geet an d'Luucht

Soss gëtt am Atelier mat klenge Quantitéite vu Stoff hantéiert. Den Tyvek vun der Dupont kënnt op Rouleaue vun 120 Kilo. Dofir war den Atelier net ekipéiert, den Noper vum Betrib niewendrun huet gehollef, eng Stee bauen, op där d'Rouleauen ofgewéckelt kënne ginn.

"A reegelméisseg kennt den Noper da mat sengem Gafelstapeler an hëlleft eis dann, déi Rouleauen op d'Echaffaudagen eropzesetzen."

De Moment produzéieren d'Mataarbechterinnen 250 Blusen den Dag, mat enger neier Schicht kéint d'Produktioun awer geschwë verduebelt ginn, op 6.000 Stéck d'Woch. Den Atelier bitzt och an Zesummenaarbecht mat engem Aneren Hauwe fir op de Kapp. D'Material fir déi ganz Produktioun erbäizekréien ass guer net esou einfach.

"De Mann ass komm, hien huet gemengt, hien hätt zwee Päck fir eis, mee hien huet se net. Déi si warscheinlech geklaut ginn. Dat ass eng Schwieregkeet, déi mir hunn, soubal mir Saachen hunn, déi ausgesinn, wéi wa se kënne gebraucht ginn, fir Masken, da gëtt dat op d'Säit geluecht."

Dëst ass eng vun de Ursaachen, firwat datt d'Blusen aus Tyvek hiergestallt ginn, deen am Fong vill ze deier ass. E gëtt zu Conter mat Héichdrock a mat vill Precautioune produzéiert.

D'Demande explodéiert

De CEO vun Dupont zu Lëtzebuerg ass zanter Wochen am Home Office, well just nach déi Leit op de Site ginn, déi wierklech fir d'Produktioun gebraucht ginn. D'Nofro no Tyvek, dee just op zwee Standuerter weltwäit produzéiert gëtt, ass zanter dem Ausbroch vun der Pandemie an d'Luucht gaangen.

"Eng Woch nodeems datt d'Kris a China offiziell ausgebrach war, hu mir dat 30-facht vum normale Volume a China geschéckt an dräi Wochen duerno ware mir scho beim 100-Fachen."

Duerno huet d'Demande fir d'Schutzkleeder, déi Dupont op anere Standuerter selwer bitzt, sech verlagert, an Europa seet de Paul Meyers. Initiative fir selwer d'Kleeder ze bitze géif et der net just zu Lëtzebuerg ginn.

"Dat ass ugaangen a China selwer. Si hunn ugefaangen als éischt, net just eis Overallen ze kafen, mee och déi Rollen ze kafen, fir da selwer kënne sur Place ze bitzen, et ass am Moment och eng Rei aner Länner, déi amgaang sinn u Projeten ze schaffen, fir sécherzestellen, datt se an hirem Land selwer kënne bitzen, selwer kënne Kostümer maachen."

De Paul Chambers freet sech, ob een net eng Kéier en Atelier stratégique misst hunn, fir genee esou Fäll.

Bluse sinn net steril

Den CE-Normen entspriechen d'Bluse vun Uewerkäerjeng net.

"Also déi Bluse mengen ech, déi sinn an der Rei. Mir sinn awer net zertifiéiert. Mee wéi d'Fondatioun seet, mir sinn am Krich, da muss ee mat deem auskommen, wat een huet."

D'Néiesche goufen all negativ op de Virus getest. Mee d'Bluse mussen net steril sinn, esou de Paul Chambers, si ginn net op Covid-Stäck agesat an zur Sécherheet mol e puer Deeg leie gelooss, éier se an den Asaz kommen, fir sécher ze ginn, datt de Virus, wann en do gewiescht wier, dout ass.