Den Dr. van Wymersch seet, datt schwanger Frae wéinst hirem décke Bauch et méi schwéier hätte fir d'Longe mat Sauerstoff ze versuergen. Schwanger Frae sollen deemno extrem oppassen: Familljefester evitéieren, net an de Restaurant goen, de Kontakt mat jonken Erwuessene meiden.
Dat géif awer net bedeiten, datt déi schwanger Fra misst ophale mat schaffen, mee wa si sech net kéint un d'Schutz- an Distanzreegelen halen, da sollt si mat hirem Gynekolog diskutéieren, ob en Arrêt de travail néideg wier.
Den Dokter van Wymersch weist awer och drop hin, datt et wichteg wier sech an der Schwangerschaft net anzespären, mee ee soziaalt Liewen ze hunn. De Gynekolog preziséiert, datt eng Covid-Infektioun net geféierlech ass fir de Puppelchen am Bauch, mee datt et fir eng Schwangerschaft ongënschteg ass, wann déi Concernéiert den Houscht oder Féiwer huet a sech generell net gutt spiert.