Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Charlotte Day Wilson - Canopy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Schwéier ze anticipéieren"

Finanzpolitik

"Schwéier ze anticipéieren"

Wéinst Eurostat-Regele muss de Lëtzebuerger PIB eventuell ëm bis zu 15 Prozent no uewe korrigéiert ginn. De Finanzminister Pierre Gramegna kann nach net genau soen, wéi sech dat op d'Budgetspolitik géif auswierken.

auto_stories

2 min

De Finanzminister Pierre Gramegna

Eng Onsécherheet bei der Bewäertung vun den ëffentleche Finanze kënnt aktuell och wéinst Froe ronderëm d'Berechnung vum PIB. Ëm bis zu 15 Prozent misst de PIB wéinst enger Nei-Berechnung eventuell no uewe revidéiert ginn. Do virdrun hat de Statec Enn zejoert gewarnt. Hannergrond sinn Onkloerheeten ëm Eurostat-Regelen. Méi konkret geet et ëm d'Berechne vun der Valeur ajoutée, déi sougenannt Patentboxe fir déi Lëtzebuerger Ekonomie produzéieren, also d'Patent- a Lizenzrechter vu groussen Entreprisen.

Entwécklunge vum PIB "glätten"

Et schéngt esou ze sinn, datt een de PIB kéint oder misst no uewen ajustéieren, seet de Finanzminister Pierre Gramegna. "Dat heescht eise Räichtum wier liicht méi héich - 15 Prozent ass natierlech eng ganz grouss Ziffer - a misst reevaluéiert ginn."

D'Fro stellt sech awer, wat geschitt, wann déi steierlech Avantagë fir d'Patentboxen 2021 net méi gëllen. Eventuell misst een dann de PIB nees no ënnen ajustéieren, seet de Minister.

"An da froen ech mech, ouni datt ech elo mat eisen Experte geschwat hunn. Wa mer en elo missten e bëssen an d'Luucht setzen a muer nees e bëssen erëm erof setzen, ob een dat net ka glätten, fir keng esou Rupturen ze hunn."

Hausse vum PIB ka Vir- an Nodeeler bréngen

Fir d'Berechnung vun der Scholdelaascht oder fir d'Anhale vun de Bréisseler Budgetsreegelen hätt d'Hausse vum PIB eventuell "eng sympathesch Konsequenzen", esou de Pierre Gramegna. Dës gi gemooss par Rapport zum PIB.

Mee de PIB ass och d'Basis fir d'Definitioun vun enger Rei staatlechen Depensen, zum Beispill fir d'Verdeedegung,d'Recherche an Entwécklung, oder d'Entwécklungshëllef. Wat géif eng Hausse vum PIB fir dës Depensë bedeiten? Dat wier schwéier ze anticipéieren, hat de Finanzminister d'lescht Woch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro geschriwwen.