Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fuerderunge wéinst nidderegen Ëmsätz op Tankstellen

Groupement pétrolier

Fuerderunge wéinst nidderegen Ëmsätz op Tankstellen

Op den Tankstellen ass den Ëmsaz ëm een Drëttel, a plazeweis ëm d'Hallschent gefall. Nach mussen d'Personalkäschten net reduzéiert ginn, mee de Groupement pétrolier wëll datt eng Rei Fuerderungen erfëllt gi fir datt et net souwäit kënnt.

auto_stories

2 min

Wéinst den héije Präisser loosse vill Leit den Auto stoen, anerer fueren elo kuerz iwwer d'Grenz fir un der Pompel e puer Cent ze spueren. Gläichzäiteg ginn d'Käschten déi op d'Tankstellen zoukommen erop, erkläert de Romain Hoffmann, President vum Groupe pétrolier:

"Wéi zum Beispill datt d'Käschten op de Kreditkaarten eropginn, wat also ee grousse Käschtepunkt ass vun den Tankstellen, d'Personalkäschte sinn eropgaange mat e puer Indexen innerhalb vun enger kuerzer Zäit."

Alles dat hëlt de Romain Hoffmann net ouni Bauchwéi zur Kenntnis, säi Secteur mierkt d'Auswierkungen an den Zuelen: "Minus 30, minus 40 ass awer de Minimum iwwerall."

Sprit-Subventioune si problematesch

Ganz problematesch gesäit de President vum Groupement pétrolier d'Subventiounen um Sprit, déi virun allem an Däitschland fir de Verbraucher méi intressant wieren, an och nach bis Enn August lafen:

"Eis Mesure leeft Enn Juli aus, dat heescht Enn Juli/am August riskéiert d'Differenz nach ëm 7,5 Cent méi grouss ze ginn an do verlaange mir, datt d'Regierung op d'mannst mat Däitschland zäitgläich verlängert an à la limite och souguer nach méi héich geet an der Remise datt mer och erëm méi concurrentiel gi mat Däitschland."

De Groupement wënscht sech och méi Previsibilitéit: D'Berechnunge vum eenheetleche Präis hei am Land am Energie-Ministère soll net méi just all puer Deeg op Basis vun enger Moyenne gemaach ginn, mee all Dag - dovun hätte béid Säiten eppes:

"All Kéier wann de Präis um Marché erofgeet, géif dann och de Konsument direkt den Dag drop dovu kënne profitéieren. Wann de Präis eropgeet, da kéinte mir dovu profitéieren, loosse mer soen, datt mer net à perte musse verkafen."

Vun den aktuelle Präisser profitéiere géifen d'Tankstellen also net, dofir awer d'Pëtrolsproduzenten. Deenen hir Demande wier no der Post-Covid-Reprise staark eropgaangen, bei Käschten déi gläich bliwwe sinn. Dobäi kéim datt de russesche Pëtrol, vun deem elo Ofstand geholl wäert ginn, vergläichsweis gënschteg ze kréie war, sou de Romain Hoffmann.