"Mir maachen d'Erfarung, datt vill Leit net zu 100 Prozent Bescheed wëssen, wat hir Rechter sinn, wa si eng Rees buchen" - seet de Christophe Neisius, Jurist beim europäesche Konsumentenzenter (CEC). Heiansdo wéisten d'Leit zum Beispill och net, wéi eng Reesdokumenter si misste mathuelen. Dat kann emol zu Problemer féieren. Dofir huet de CEC elo eng Lëscht opgestallt, wou all déi Froe kloer gekläert ginn.
Déi gréisste Wëssenslacune
D'Leit géifen dacks mengen, datt si Iwwerbuchungen oder Verspéidunge bei Flich missten acceptéieren. "Dobäi huet een e Recht op Entschiedegung", seet de Christophe Neisius. Bei enger Verspéidung vu méi wéi dräi Stonne kennen et zum Beispill tëschent 250 a 600 Euro sinn.
Am Virfeld informéieren!
Fir Problemer aus dem Wee ze goen, réit de CEC de Leit sech am Virfeld genee iwwer de Reesoperateur ze informéieren. Wann iwwer Internet gebucht gëtt, soll een d'Seriositéit iwwerpréiwen. Wann Zweiwel oder Froe bestinn, kann ee sech un de CEC adresséieren. "Mir hunn dacks Leit, déi no enger Vakanz kommen, well eng Fluchkompanie oder en Hotel keng Entschiedegung wëllt bezuelen, déi de Konsument awer ze gutt huet", seet de Christophe Neisius. " Do gi mir dann aktiv an iwwerhuelen den Dossier".
Déi zéng Tippe kann een hei eroflueden (Franséisch Versioun)
D'Sophie Morang am Gespréich mam Christophe Neisius.