Trotz dem Muechtwiessel an Afghanistan wéilt e sech weider zesumme mat der ONG "Afghanistan Libre" fir d'Rechter an d'Liewenskonditioune vun de Fraen a Meedercher asetzen, kënnegt de Philippe Majerus, fréiere Militär an Direkter vun der Fondatioun un. "Dat ass ee klore Message vun eiser Presidentin, der Grande-Duchesse."
Den Asaz wäert méi humanitärer Natur ginn, mee et géif een och weider Plädoyersaarbecht maache wëllen a sech fir afghanesch Flüchtlingen asetzen, deenen hiert Liewen am Afghanistan net méi sécher ass, esou de Philippe Majerus.
D'Bevëlkerung net am Stach loossen
Déi Informatiounen, déi ee vun der Partner-ONG vun der Plaz kréich, wiere katastrophal, seet den Direkter vun der Fondatioun vun der groussherzoglecher Koppel. "D'Taliban sinn a bleiwen Terroristen a behuele sech och esou vis-à-vis vun deenen, déi sech hinne widdersetzen." Dowéinst wieren d'Fräiheete vun de Frae massiv a Gefor, grad wéi d'Liewe vun all deenen, déi sech fir Fraen- a Mënscherechter an Afghanistan asetzen.
No der Ukënnegung vun haut vun Däitschland, seng Entwécklungshëllef fir Afghanistan wëllen ze stoppen, fënnt de Philippe Majerus, datt een den Taliban net dierft an d'Hänn spillen an d'Impressioun ginn, déi afghanesch Bevëlkerung "total am Stach" ze loossen.
Den Direkter vun der Fondatioun war viru 14 Joer als Member vun der Lëtzebuerger Arméi am Kader vun der ISAF-Missioun an Afghanistan. Hien hätt d'Impressioun, datt vill Lëtzebuerger an auslännesch Militär an Ex-Militär elo immens enttäuscht wieren, esou de Philippe Majerus. "In fine hu mir de Krich no 20 Joer Asaz verluer." Et wier deemno ëmsou méi wichteg, datt ee sech weider fir den Afghanistan a seng Bevëlkerung asetzt.