Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sécurié Routière: Klenge Guide fir op d'Strooss

Rentrée scolaire

Sécurié Routière: Klenge Guide fir op d'Strooss

E Méindeg geet d'Schoul nees un, an da sinn nees vill Kanner zu Fouss oder mam Bus ënnerwee. Fir eng gutt Partie vun hinnen ass et deen alleréischte Schouldag an och deen alleréischte Schoulwee - an dëse ka schonn emol e bëssen iwwerfuerderen.

auto_stories

1 min

D'Securité routière huet dowéinst de "Klenge Guide fir op d'Strooss" publizéiert, an deem si den Elteren an hire Kanner Tipps ginn, de Schoulwee esou sécher wéi méiglech ze gestalten an déi kleng Foussgänger op d'Erausfuerderungen am Stroosseverkéier virzebereeden.

Sécherlech hëlleft et, mat de Kanner de Schoulwee schonn éier d'Schoul ufänkt e puermol ofzegoen, fir datt déi Kleng e Gefill dofir kréien, wou eventuell Geforen um Schoulwee laueren - op wat ee muss besonnesch oppassen?

Mee net nëmmen déi kleng Foussgänger mussen um Schoulwee oppassen, mee och déi, déi am Stroosseverkéier mam Auto, Moto oder Vëlo fueren, hunn eng grouss Responsabilitéit.