Sektoriell Pläng: Prozedur annuléiert

D'Majoritéit an d'Oppositioun hu sech an den zoustännege Chamberkommissioune fir eng Annulatioun vun der Prozedur vun de sektorielle Pläng ausgeschwat. De Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch huet den Députéierten zwou Optioune proposéiert: déi eng war eng Ännerung vum Landesplanungsgesetz, déi aner d’Annulatioun vun der Prozedur. Zréck behal gouf déi zweet Optioun. Elo soll eng nei Prozedur lancéiert ginn, dobäi sollen d'Avise vun de Gemenge berücksichtegt ginn.

De Regierungsrot hëlt e Freideg déi defintiv Décisioun, wéi et mat de sektorielle Pläng virugeet. De 15. Januar ass an der Chamber och eng Debatt iwwert d'sektoriell Pläng.

De Minister François Bausch (Déi Gréng) no der Reunioun vun de Chamberkommissiounen

 

Den CSV-Deputéierten a President vum Syvicol Emile Eicher

 

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen

 

Ugang vun der leschter Woch hat de Minister François Bausch nach ausgeschloss, datt déi sektoriell Pläng kéinten zréck gezu ginn. Nom Regierungsrot de leschte Mëttwoch ware seng Aussoe méi nuancéiert. De Staatsrot hat ee kriteschen Avis zur Prozedur ofginn.

Net verpassen

  • 24.01. Opruff Media & Me

    Media and Me_2022_1200x667px.jpg

    De radio 100,7 mécht och dëst Joer mat beim Projet Media & Me an Dir kënnt Iech elo dofir umellen.

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen