Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Boatly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selektiv Steiermesurë géint Internet-Giganten

Taxe fir digital Entreprisen

Selektiv Steiermesurë géint Internet-Giganten

Grouss Internet-Entreprise bezuelen net genuch Steieren an Europa. Där Meenung ass d'Europäesch Kommissioun a presentéiert um Mëttwoch nei Regelen. Engem Brouillon vun der Direktiv no kéint eng Taxe vun engem bis fënnef Prozent um Chiffre d'affaire vu verschiddenen Aktivitéiten vun digitalen Entreprisen agefouert ginn. Dat kéint der EU tëscht fënnef an knapps aacht Milliarden Euro am Joer abréngen. Lëtzebuerg ass net prinzipiell géint esou eng nei Steier. Mee si dierft net op d'EU beschränkt sinn, sou de Lëtzebuerger Finanzminister an enger éischter Reaktioun.

auto_stories

4 min

D'Europäesch Kommissioun betount zanter Méint, datt eise Steiersystem net méi adaptéiert ass un d'Aktivitéite vun digitalen Entreprisen. Si bezuelen ongeféier d'Halschent vun de Steieren, déi aner Entreprisë bezuelen, sou den EU-Wirtschafts- a Finanzkommissär Pierre Moscovici d'lescht Woch zu Stroossbuerg.

"Verschidden Entreprisen maache considerabel Gewënner mat der Hëllef vun europäeschen Useren, si kënnen awer net an der EU besteiert ginn, well si hei keng physesch Präsenz hunn."

Ëmsaz amplaz Profit besteieren

D'Kommissioun leet dowéinst e Mëttwoch zwou Proposen op den Dësch. Eng dovu soll laangfristeg d'Basis vun Internet-Entreprisen méi kloer definéieren. Well et awer dauere wäert, bis ee sech op eng gemeinsam Approche gëeenegt huet, kënnt d'Kommissioun och mat enger Propose fir méi kuerzfristeg Mesuren.

Viséiert sinn déi grouss Entreprisen, déi méi ewéi 750 Milliounen Euro am Joer weltwäit ëmsetzen, an deenen hire Chiffre d'affaires an der EU bei iwwer 50 Milliounen Euro d'Joer läit.

Dat Ganzt elo als neie Steiersystem fir Internet-Entreprisen ze presentéiere wier falsch, well et nëmmen ëm ganz bestëmmten Aktivitéiten geet. Nei ass, datt den Ëmsaz an net de Profit vun deenen Aktivitéite soll besteiert ginn.

Den Europadeputéierte Sven Giegold vun den däitsche Grénge schwätzt vun engem Paradigmewiessel. "Net de globale Gewënn gëtt besteiert, mee den Ëmsaz", sou de Sven Giegold. Virun allem bei digitalen Entreprisen wier et net liicht ze definéieren, wou de Gewënn gemaach gëtt: Do, wou konsuméiert gëtt, do wou ee Service offréiert gëtt, oder do wou d'Software entstanen ass? Dowéinst wier et plausibel, den Ëmsaz ze besteieren, fënnt de Sven Giegold.

Déi beschte Léisung wier et allerdéngs, eng global Betribsbesteierung vu groussen Entreprisen, déi iwwert d'Grenzen ewech aktiv sinn an der EU ze organiséieren. Mee hei wier jo, wéinst der Oppositioun vu verschidde Memberlänner keen Accord en Vue.

Neie System gëllt net fir Amazon, Netflix oder Spotify

Als Basis fir d'Steier ginn d'Aktivitéite vun de Usere geholl. D'Donnéeën, déi eng Entreprise wéi Google oder Facebook iwwer si sammelt, schafen eng Plus-Value. An dorop sollen dës Firmaen an Zukunft Steiere bezuelen.

Konkret op den Ëmsaz iwwer gezielte Reklammen, déi Google, Facebook oder Twitter bei hire Usere maachen. Och den Ëmsätz, dee gewëss Servicer wéi Uber oder Air BnB doduerch maachen, datt si hire Usere Plattformen zur Verfügung stellen.

All déi aner Aktivitéiten vun Internet-Entreprisen falen net ënnert déi nei Steier. Entreprisë wéi Amazon, Spotify oder Netflix, déi digitale Contenu wéi Musek oder Filmer verkafen, sinn also net betraff.

Lëtzebuerg wier iwwerdeems net géint eng nei Steier fir Internet-Entreprisen, sot de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna e Méindeg zu Paräis.

Lëtzebuerg wëllt Mesuren op OECD-Niveau

D'Regierung wier duerchaus der Meenung, datt eppes misst ënnerholl ginn, well vill digital Entreprisen net genuch Steiere bezuelen.

Ier d'Propose vun der Kommissioun am Detail bekannt sinn, wier et schwéier dozou eppes ze soen, sou de Pierre Gramegna. Wéi a fréiere Stellungnamen huet hien drop gepocht, datt egal wéi eng Mesure misst kompatibel sinn mat deem, wat um Niveau vun der OECD leeft. Well speziell amerikanesch Firmae vun där neier EU-Steier betraff sinn, wier dat elo besonnesch wichteg, sou de Pierre Gramegna.

D'Länner verhandelen zanter Joren am Kader vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung iwwer d'Besteierung vun Entreprisen. Allerdéngs bis elo ouni Succès. Eréischt e Freideg hat d'OECD an engem Rapport festgehalen, datt et keen internationale Konsens doriwwer géif, ob et wierklech sënnvoll ass, international Steier-Regelen fir Internet-Entreprisen ze veränneren. Och doriwwer, ob kuerzfristeg Mesuren, wéi d'Kommissioun se elo proposéiert, Sënn maachen, war ee sech net eens.

D'OECD wier hei net handlungsfäeg, seet de Sven Giegold. Fir hien soll d'EU elo handelen.

Déi zwou Positioune sti sech domat op en Neits géintiwwer. Och Länner wéi Frankräich oder Italien sinn der Meenung, datt d'EU eppes ënnerhuelen soll, noutfalls eleng. Dat geet awer nëmmen, wa jiddereen d'Accord ass, well a Steierfroen ass Unanimitéit an der EU gefrot.

Den Dossier steet um Ordre do jour um EU-Sommet Enn der Woch. Do hunn d'EU-Länner Geleeënheet, hir Positiounen op en Neits auszetauschen.