Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Somebody's Somebody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir brauche Leit am Secteur"

Bankeplaz

"Mir brauche Leit am Secteur"

Et gëtt vill rekrutéiert am Bankesecteur, seet de Serge de Cillia vun der ABBL. Et géife Leit gebraucht ginn. Erausfuerderunge géifen et genuch ginn: Zum Beispill d'Negativzënspolitik vun der EZB.

auto_stories

3 min

Déi Lëtzebuerger Finanzplaz hätt "aktiv" an net "aggressiv" op de Brexit-Vote reagéiert, seet de Serge de Cillia

De Lëtzebuerger Banke geet et erëm besser wéi Ugangs des Joers. De Banke-Secteur konnt am zweeten Trimester d'Verloschter vum éischten Trimester gutt maachen: No den éischte sechs Méint wier een elo quasi beim selwechte Resultat, ewéi am éischte Semester zejoert, esou den Direkter vun der ABBL, der Banken a Banquiersassociatioun, am Interview mam Pierre Reyland. D'Käschte fir d'Banke géifen awer weider klammen, notamment wéinst neien europäesche Reglementer, mee och wéinst de negativen Zënsen, déi d'Banke fir Depote bei der Europäescher Zentralbank musse bezuelen.

U vereenzelt grouss Clientë géifen déi negativ Zënsen och scho weidergereecht ginn. "Déi professionell Clientë bezuelen de Negativzëns. Dat war bis elo nach net de Fall bei de Privatclienten", seet de Serge de Cillia. Dat kéint awer änneren. Virun zwou Wochen hätt d'Raiffeisebank an Däitschland de Schrëtt "gewot" fir d'Käschten u Privatcliente weiderzeginn. Dem ABBL-Direkter no wäerten "ëmmer méi Banken deen do Wee musse goen, wann déi Zënspolitik vun der Europäescher Zentralbank méi laang dauert".

"Et gëtt vill rekrutéiert"

Héich Käschte géife bei de Banken zu Lëtzebuerg awer och entstoen well "vill rekrutéiert" gëtt, sou de Serge de Cillia . Gläichzäiteg leeft den neie Bankekollektivvertrag aus. An d'Gewerkschaften hu Revendicatiounen, dorënner eng Adaptatioun vun de Salairen. Am Dezember sollen d'Verhandlungen ugoen.

Den ABBL-Direkter léisst sech net an d'Kaarte kucken, wann et em d'Fro geet, ob d'Banke Sputt hunn fir esou eng Adaptatioun. Kloer ass dem Serge de Cillia awer, datt ee méi zäitgeméisse Kollektivvetrag gebraucht géif ginn. "Den aktuellen ass weder lieserlech nach modern, nach ze verstoen, en ass depasséiert. Mir mussen e méi attraktiv maachen, mir brauche Leit am Secteur". D'Ufuerderungen un d'Personal am Secteur hätte staark geännert: Digitaliséierung, Internationaliséierung, Teamaarbecht sinn hei Stéchwierder.

Immobilierisiko: "Banken hu genuch Eegekapital"

Déi aktuell niddreg Zënse féieren awer och dozou datt méi Immobiliekreditter vergi ginn. Allerdéngs huet de Comité du risque systémique viru Kuerzem an engem Avis festgestallt, datt am Immobiliesecteur ee méigleche systemesche Risiko géif leien. Banke missten sech - vereinfacht gesot - dowéinst méi Eegekapital zouleeën.

D'CSSF huet an deem Kontext eng Circulaire un d'Banke geschéckt, mat der Opfuerderung, duerzeleeë wéi si opgestallt sinn. De Serge de Cillia mecht sech awer keng Suergen wat d'Eegekapitalreserve vun de Lëtzebuerger Banken ugeet. "Mir leie bei iwwer 20 Prozent, gefuerdert si vereinfacht gesot, 8 Prozent". Gläichzäiteg hätt d'Bank och d'Responsabilitéit de Client eventuell op ze wéineg Eegemëttel hinzeweisen, nom Motto "Spuer nach e bësse weider oder kuck Dir een aner Objet un".

Brexit: Eng "Lëtzebuerger Offer"

Gespaant kucken déi Lëtzebuerger Banken dann op d'Suitte vum Bexit-Vote. Dem Serge de Cillia no ass d'ABBL amgaang mat enger Partie europäeschen a net-europäesche Banke ze schwätzen, déi konkreten Intressi gewisen hätten, veschidden Aktivitéiten oder hiren europäesche Sëtz vu London op Lëtzebuerg ze verleeën. D'Nimm vun deene Banke wollt den ABBL-Direkter awer net nennen. Kontakt opgeholl hätt een direkt am Juli.

Déi Lëtzebuerger Finanzplaz hätt domat "aktiv" an net "aggressiv" op de Brexit-Vote reagéiert, sou wéi Dublin an anescht wéi Paräis. De Serge de Cillia géif et "raisonnabel" fannen, wann elo bis Enn des Joers eng "Lëtzebuerger Offer" fir intresséiert Banke géif stoen. De Moment wier d'Ongewëssheet awer nach grouss, och den Timing net kloer ass. Wann d'Brexit-Negociatioune erréicht no de franséischen an däitsche Wahle géifen ugoen, da géif de Breixt 2019 eréischt operationell ginn. "Déi Onsécherheet ass inacceptabel fir Investisseuren", sou de Serge de Cillia.