Serge de Cillia gett neien ABBL-Direkter

De Serge de Cillia gëtt neien Direkter vun der ABBL. Den 30. Abrëll iwwerhëlt den Economist an Comité’s-Member vun der Banken- an Banquiers-Associatioun d’Successioun vum Jean-Jacques Rommes, dee bei d’Patronatsorganisatioun UEL wiesselt.

Fir de President vun der ABBL den Ernst Wilhelm Contzen, muss de neien Direkter vun der Associatioun “ee sinn deen alles kann”. A sengen Ae wäert dat dem Serge de Cillia och geléngen. De Serge De Cillia hätt eng grond-zolitt Ausbildung an ass zanter méi wéi 12 Joer scho Member bei der ABBL, wou hie schon seng Kompetenzen ënner Beweis gestallt hätt.

De Bäitrag vum Francois Aulner:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Contzen.mp3"]

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen