Radioen

On air

De Weekend  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ouni Lëtzebuergesch wiere mir näischt ..."

Sproochendebatt

"Ouni Lëtzebuergesch wiere mir näischt ..."

... an ouni Franséisch an Däitsch wiere mir nëmmen hallef esou vill", seet de Serge Wilmes. Hie plaidéiert fir eng Neigewiichtung vun de Sproochen am Enseignement, mat differenzéierte Sproocheniveauen.

auto_stories

2 min

"Identitéite gehéiere zum chrëschtlech-soziale Mënschebild", seet de Serge Wilmes.

"Identitéit an Identitéiten" waren Thema um rezenten, sougenannten Dräikinnekstreffe vun CSV-Memberen. Schwéierpunkt an den Diskussioune vum Reflexiounsgrupp war och d’Sprooch. Sprooch dierft net als Ausgrenzung benotzt ginn, seet den Deputéierte Serge Wilmes am 100,7-Interview. Un d'CSV als Partei war et den Appell fir sech dem Thema vun den Identitéiten unzehuelen.

"Identitéite gehéieren zum chrëschtlech-soziale Mënschebild", seet de Serge Wilmes. Dat géing net heeschen, datt een aner Identitéiten ausschléisst, mee am Contraire, datt een oppen dofir wier.

Sproochen: en Instrument fir de Mateneen

"Sprooche sinn do, fir sech ze verstännegen, fir e Mateneen, an net fir e Géinteneen", seet de CSV-Deputéierten. Doduerch, datt Lëtzebuerg sech an de leschten 20 Joer staark verännert hätt, wier e Gefill bei verschiddene Persounen entstanen, datt si hir eege Sprooch net méi esou kéinte schwätzen, wéi dat fréier de Fall war.

Esou Gefiller misst een als Partei och eescht huelen. D'CSV hätt an der Vergaangenheet iwwerdeems vill ënnerholl, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken.

Franséisch mat enger neier Method enseignéieren

D'Méisproochegkeet wier och Deel vun den Identitéiten zu Lëtzebuerg. An der aktueller Sproochendebatt plaidéiert de Serge Wilmes fir eng Neigewiichtung vun de Sproochen am Enseignement. Et misst ee sech d’Fro stellen, op et nach ubruecht wier, Franséisch, Däitsch an Englesch bis op Première um selwechten héijen Niveau z'enseignéieren.

Den CSV-Deputéierten ass fir en differenzéierte Sproochenunterrecht mat intermediairen an avancéierte Sproochenniveauen. An Zukunft sollt Franséisch als Friemsprooch mat enger neier pedagogescher Method geléiert ginn. Mee: Ouni d’Enseignanten u Bord ass, dem Serge Wilmes no, esou eng Reform net méiglech.