Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SEW: Ze vill Iwwerstonne féieren zu Qualitéitsverloscht an der Schoul

Enseignement

SEW: Ze vill Iwwerstonne féieren zu Qualitéitsverloscht an der Schoul

All d'Enseignanten zesummen hunn d'lescht Joer pro Woch an der Moyenne an der Grondschoul 2.200 an am Lycée 10.218 Iwwerstonne gemaach. Dat géif op ee Personalmanktem hiweisen, schreift den SEW an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

Symbolbild. Foto: Bigtock / smolaw

Den OGBL-Syndikat vum Léierpersonal no dat wier e kloert Zeeche vum Personalmanktem an der Lëtzebuerger Schoul. Engersäits géifen déi vill Iwwerstonnen zu engem Qualitéitsverloscht am Enseignement féieren, op där anerer Säit wieren d'Iwwerstonne manner gutt bezuelt wéi anerwäerts an der Fonction publique.

Iwwerstonnen, och an Deelzäitaarbecht, ginn net mat fir d'Pensioun verrechent, sou d'Vera Dockendorf vu SEW. Iwwerstonne wieren och "Coefficients réducteurs", géifen deemno manner gutt bezuelt ginn a géifen och net zum Traitement de base gehéieren: "Wärend der Zäit, wou Congé ass, gëtt d'Iwwerstonn eben net bezuelt."

Den SEW fuerdert an dem Sënn dann och d'Ofschafe vun dëse Korrekturkoeffizienten. Donieft sollen an Zukunft maximal bis zu zéng Iwwerstonne kënnen um Zäitspuerkont ageschriwwe ginn.


Update 18h26: No der Publikatioun vum Artikel huet den SEW ee weidere Communiqué geschéckt mat aneren Zuelen. Den Artikel gouf deementspriechend geännert. An enger éischter Versioun ass vun 2,2 respektiv vun 10 Iwwerstonne rieds gaangen.