Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si gehéieren dozou"

Gemengewahlen

"Si gehéieren dozou"

Beefort, am Kanton Iechternach, ass eng kleng Gemeng mat ronn 2.700 Awunner. 45 Prozent dovu sinn Auslänner. E groussen Deel vun den Net-Lëtzebuerger si Portugisen. An der "Hostellerie de Beaufort" an an de Chaleten am Parc Altburg liewen zënter enger Rei Jore Flüchtlingen. Wéi eng Erausfuerderunge bréngen déi vill verschidden Nationalitéiten an der Gemeng Beefort mat sech? Wéi funktionéiert d'Zesummeliewen?

auto_stories

5 min

"Mir hunn hei an der Gemeng praktesch iwwer 200 Leit aus engem Duerf a Portugal. Wou virun 30 Joer ee fortgaangen ass, deen heihinner komm ass an déi aner alleguer matbruecht huet. Dat ass schonn e bëssen erstaunlech."

Dat seet de Beeforter Buergermeeschter Camille Hoffmann. Et ass säin drëtt Mandat als Buergermeeschter. Vun de 45 Prozent Auslänner an der Gemeng wiere wäit iwwert d'Halschecht Portugisen. Déi portugisesch Matbierger wieren an der Gemeng integréiert an och engagéiert. Zum Beispill als Kommandant vun de Pompjeeën, Membere vum Gemengerot oder an der Elterevereenegung. De Camille Hoffmann verweist an der Integratiounsfro ënner anerem op d'Relioun: "Och wann haut Kierch a Staat soll getrennt sinn. Et ass trotzdeem dat, wat integrativ ass. Wa si déi selwecht Relioun hunn, dat geet dat vill méi einfach."

v.l.n.r. De Jos Nerancic an de Beeforter Buergermeeschter Camille Hoffmann.

Den Integratiounsprozess géif haut anescht verlafen, wéi nach virun 30 Joer, mengt de Buergermeeschter Camille Hoffmann.

"Wann d'Schoul ugaangen ass, hunn d'Portugisen nach zwee oder dräi Kanner matbruecht, déi kee Lëtzebuergesch konnte schwätzen. Dat ass haut net méi de Fall. Haut sinn d'Kanner scho virdrun an der Spillschoul, sou datt dat reibungslos iwwert d'Bühn geet."

Datt Kanner vu verschiddenen Nationalitéiten a mat ënnerschiddleche sproochlechen Hannergrënn sech séier integréiert kréien, dat stellt och d'Marie-Ange Ivelj-Marson fest. Si geet dëst Joer zu Beefort mat an d'Gemengewahlen. Zesumme mat hirem Mann geréiert si d'Hostellerie de Beaufort.

D'Marie-Ange Ivelj-Marson

Nieft dem Restauratiouns-Betriib huele si schonn zënter ronn 18 Joer Flüchtlinge bei sech op: virun allem Famillen. Eng Aktivitéit, déi vum Staat finanzéiert gëtt. Bis zu 30 Leit kënnen an de Raimlechkeeten vun der Hostellerie am Zentrum vu Beefort ënnerkommen. Am Ufank wieren dat virun allem Leit aus dem fréiere Jugoslawien gewiescht. Haut sinn et virun allem Refugiéeën aus Syrien an aus dem Irak.

"D'Kanner léiere ganz schnell eis Sprooch. Dat ass wichteg. Si spille mat deenen anere Kanner zesummen. Do ginn et keng Barrièren."

Der Marie-Ange hire Mann, de Mato Ivelj, ass Kroat. Si hätt seng Mammesprooch iwwert d'Jore geléiert, wat d'Kommunikatioun mat de Flüchtlingen aus Ex-Jugoslawien vereinfacht hätt. Déi Leit, déi haut géife kommen, géife virun allem Arabesch schwätzen.

"Arabesch kann ech leider keent, mä ech kann Englesch a Franséisch. Mir versichen dann op Englesch a Franséisch eis ze verstännegen. An dat geet. A mat den Hänn a mat de Féiss geet et och nach."

Harmonie a Respekt

D'Proprietärin vun der Hostellerie de Beaufort seet, datt et keng Konflikter mat de Flüchtlingen zu Beefort géife ginn. Déi ënnerschiddlech Referenzen am Iessen wieren awer heiansdo mat Schwieregkeete verbonnen. D'Flüchtlingen, déi bei hir ënnerbruecht sinn, géifen d'Iesse vu Sodexo geliwwert kréien. D'Flüchtlinge géifen awer léiwer hir eege Saache kachen. "Ech loosse si alt selwer kachen. Mä ech kann dat och net all Dag maachen. Mir sinn e Betrib. Mir kënnen hinnen entgéint kommen, mä si musse sech einfach afügen un dat, wat si hei kréien."

Sech afügen, dozou gehéiert och d'Reegele respektéieren, déi am Haus gëllen, seet d'Marie-Ange. Zum Beispill wéini d'Besuchszäite sinn. Am grousse Ganze wieren d'Flüchtlinge frou zu Beefort. Eng Famill aus dem fréiere Jugoslawien wier souguer zu Beefort wunne bliwwen, nodeems si de Flüchtlings-Statut accordéiert kruten.

Vun de Flüchtlingen aus Syrien wier awer nach keen zu Beefort bliwwen, seet Proprietärin vun der Hostellerie.

Sproocheproblemer

De Yako Ahmed aus Syrien ass viru ronn annerhallwem Joer op Beefort komm. Hie wunnt zënterhier an de Chaleten am Parc Altburg. Um Busarrêt virun der Hostellerie hu mir mat him a mat sengem Jong vun 12 Joer geschwat. De Yako Ahmed seet, hien hätt de Flüchtlings-Statut accordéiert kritt. Elo géif hien eng Wunneng zu Beefort sichen, mä: "Zënter engem Joer sichen ech no engem Haus, mä ech fanne keent. Et ass schwéier."

Mat de Beeforter Leit géif hie sech gutt verstoen, esou de Flüchtling aus Syrien: "D'Sprooch ass de Problem. Ech ginn a Course fir Franséisch ze léieren. Dat ass schwéier fir eis, mä fir d'Kanner net. Si léieren et séier an der Schoul."

Dem Yako Ahmed säi Jong geet zu Beefort an d'sechst Schouljoer. Hie kann zwar e bësse Lëtzebuergesch, mä an der Schoul schwätzt hien Däitsch a Franséisch mat senge Matschüler. "Meng Frënn schwätze léiwer Däitsch a Lëtzebuergesch. Si schwätzen net vill Franséisch. Ech léieren dat e bëssen."

De Luc (60) ass Belge a wunnt bei Beefort.

Sprooche léiere wier net seng Stäerkt, seet de Luc. Hien ass Belsch a wunnt zënter 1996 bei Beefort. De Mann vu 60 Joer erkläert, hie kéint e bësse Lëtzebuergesch schwätzen. A sengen Ae wier d'Aarbecht wichteg fir d'Integratioun.

Baussent engem professionelle Kader kann awer och een Noperschaftsfest d'Integratioun vu Leit mat verschiddene Nationalitéiten fërderen. D'Marie-Ange Ivelj-Marson vun der Hostellerie de Beaufort hat d'lescht Joer ee Fest mat de Noperen an de Flüchtlingen, déi bei hir ënnerbruecht sinn, organiséiert:

"Mir hunn dat immens flott fonnt. Eis ganzt Haus war invitéiert. Jidderee vun de Noperen huet eppes matbruecht fir z'iessen an ze drénken. Mir hu gedanzt. Si hunn op hir Musek gedanzt, mir op eis. Mir souzen zesummen, a jidderee war frou."

D'Fest hätt de Flüchtlinge gewisen: "si hu gesi, si gehéieren dozou."