Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si kënnen nëmmen hei bleiwen"

Sëtzstreik vun irakesche Flüchtlingen

"Si kënnen nëmmen hei bleiwen"

E puer Dose Flüchtlingen aus dem Irak - Erwuessener a Kanner - organiséieren zanter bal véier Wochen e Sëtzstreik an der Stad. Déi Erwuesse sëtzen Dag an Nuecht op der Clairefontaine Plaz virum Staatsministère. Si kruten de Flüchtlingsstatut net accordéiert, nodeems si all juristesch Prozeduren duerchlaf sinn. Si appelléieren un den Ausseminister fir hinnen ze hëllefen an hinnen eng Openthaltsgenehmegung ze ginn. An hiren Aen wier den Irak nämlech kee séchert Land, an dat si zeréck kéinte goen.

auto_stories

4 min

Ech hunn eng Propos fir den Immigratiounsministère. Si soen den Irak wier sécher. Mee wa Vertrieder vum Ministère an den Irak ginn, gi si nëmmen a sougenannt "gréng Zonen", wou et sécher ass. Ech géif dëse Vetrieder virschloen, datt ech hire Fligerticket an de Visa fir an den Irak bezuelen, wa si fir eng bestëmmt Zäit baussent der grénger Zon am Irak wunnen. A wa si erëm kommen, solle si soen, wéi sécher den Irak ass.

Den Al-doori Raed sëtzt op der Clairefontaine Plaz ënnert engem plastiks Iwwerdaach op engem Feldbett. Zesumme mat ronn enger Dose weidere Flüchtlingen aus dem Irak. Den Al-doori Raed seet, hien hätt Kriibs. Viru bësse méi wéi zwee Joer wier hien op Lëtzebuerg komm. Och vill vun de Kanner, déi um Sëtzstreik Deel huelen, wiere krank, well si dauernd dobausse wieren, seet den Hany Lami. Hie kënnt och aus dem Irak an huet de Flüchtlingsstatut zu Lëtzebuerg. Hien ass als Iwwersetzer bei eisem Treffen dobäi.

De Kampf ëm de Flüchtlingsstatut

Den Al-doori Raed erzielt, datt hie virun d'Verwaltungsgeriicht gaange wier, wéi hien de Flüchtlingsstatut déi éischte Kéier net accordéiert krut. De Riichter hätt him Recht ginn. Mee de Ministère wier dunn an Appell gaangen, an um Schluss hätt d'Cour administrative dem Staat Recht ginn. Hien hätt de Statut also net kritt.

De Krich an ISIS existéieren an eisem Liewen. Mir leiden ënnert dem Krich an der Zestréierung. An et misst dach sinn, datt déi Lëtzbuergesch Regierung dat unerkennt.

D'lescht Joer hunn am Ganzen 127 Iraker Asyl zu Lëtzebuerg ugefrot. 116 kruten de Flüchtlingsstatut net. E bësse méi wéi 20 si fräiwëlleg an den Irak zeréck gaangen. E forcéierte Retour gouf et net. Am 100,7-Interview sot de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn viru ronn engem Joer, datt ee Facteur ob Iraker Asyl accordéiert géife kréien, d'Regioun bannent dem Irak wier aus där si kéimen. Doriwwer wier ee sech och op europäeschem Niveau eens. Deen zweeten Aspekt wiere sougenannt "Risiko-Gruppe", wéi onbegleet Mannerjäreger, oder Leit vun enger ethnescher Minoritéit. Déi géifen de Flüchtlingsstatut accordéiert kréien.

Op déi momentan Situatioun vun den irakesche Flüchtlingen op der Clairefontaine Plaz wollt den Ausseminister op Nofro hin net reagéieren.

Angscht viru Milizen

Een aneren Iraker, deen op der Place Clairefontaine um Sëtzstreik Deel hëlt, huet 66 Joer a kënnt vu Basra, eng Stad am Süde vum Irak. Virun engem Mount hätte Milizen eng Bomm um Auto vun engem vu senge Jongen installéiert. Wéi hie gefuer wier, wier d'Bomm explodéiert. Hie weist eng Foto vu sengem Jong. Dee wier bis elo nach ëmmer gekidnapped.

Et géif kee bestëmmte Grond gi, firwat Leit vun esou Attacke viséiert géife ginn, seet den Al-doori Raed.

Mir sinn di ganzen Zäiten mat Explosiounen konfrontéiert. Wann een eraus op d'Strooss geet, weess een net, ob ee lieweg heem kënnt. Et ginn Explosiounen, Leit ginn ëmbruecht, gekidnappt. Alles.

Hien hätt Angscht viru Milizen, seet en aneren Iraker. Hien hätt Angscht fir zeréck an den Irak ze goen, well hie fäert ëmbruecht oder agespaart ze ginn. Den Al-doori Raed war Zeecheprof a sengem Heemechtsland. Hien huet ee Bild gemoolt, wat illustréiert, wéi hie sech hei zu Lëtzebuerg fillt. Z'erkennen ass een Deel vu sengem Gesiicht mat oppenem Mond, an eng ausgestreckten Handfläch.

"Psychologesch si mir immens midd. Alles huet eis immens midd gemaach."

Well si hei keng Openthaltsgenehmegung géife kréien, hätte si ee Sëtzstreik organiséiert. Bannent den éischten Deeg vum Streik wieren och Vertrieder vum Ausseministère laanschtkomm, seet den Hamy Lani. Mee d'Situatioun hätt sech net geännert.

D'Hoffnung, bleiwen ze kënnen

Awunner aus Lëtzebuerger hätten hinnen en Iwwerdaach a waarmt Gedrénks bruecht. Verschidde Leit hätten hinne Sue wëlle ginn, mee dat wéilte si net, seet den Hamy Lani. D'Leit hätte si och encouragéiert, fir eng Petitioun fir hiert Uleies ze maachen. Si géifen de Sëtzstreik weiderféieren, bis si de Flüchtlingsstatut accordéiert géife kréien, seet den Hamy Lani. Och wa si ee Joer laang do sëtze missten.

Wa si an de Camp zeréck ginn, bleiwe si vläicht nach dräi weider Joer do mat ëmmer erëm negativen Äntwerten. Wa si an den Irak zeréck ginn, stierwe si do. Dat heescht si hu keng aner Léisung. Si kënnen nëmmen hei bleiwen.

Si hätten och Hoffnung, datt si hei bleiwe kéinten. Well si zu Lëtzebuerg an an Europa wieren.

D'Lëtzebuerger Medien hätten de Sëtzstreik, bis op e puer Ausnamen, net weider opgegraff, seet een aneren Iraker. An dat obwuel Lëtzebuerg e fräit Land wier, wou d'Press net ageschränkt wier. Dat géif hien traureg maachen.

Véier Männer - dorënner den Al-Doori Raed - déi bis ewell am Sëtzstreik waren, wieren zanter zwee Deeg am Hongerstreik. Dat sot den Hamy Lani, de Spriecher vum Grupp vun de Flüchtlingen, eis op Nofro hin.