Radioen

On air

De Moien  |  Fatoumata Diawara - Nsera Feat. Damon Albarn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Si mir um rietsen A blann?

Solidaritéit géint Rassismus

Si mir um rietsen A blann?

Zanter Donneschden versammele sech d'Mënschen an Däitschland op Solidaritéitsdemonstratioune fir ze weisen: Mir si géint dës rassistesch Dot, mir stëllen eis géint riets Gewalt!

auto_stories

3 min

Zu Lëtzebuerg sinn déi éischt Reaktiounen op d'Dot nach éischter ofzewaarden. Déi medial Opmierksamkeet bléift natierlech net aus. Mee solidaresch hu sech spontan net vill Mënsche gewisen. Och eng Demonstratioun war bis Redaktiounschluss gëscht net ugekënnegt.

D'Attentat op de Chrëschtmaart zu Berlin oder op Charlie Hebdo huet eng Well vun der Empörung ausgeléist; am Fall vun Hanau war d'Empörung net esou grouss. Reagéiert d'Gesellschaft anescht, wann et sech bei den Affer ëm Mënsche mat Migratiounshannergrond handelt?

De Problem gëtt ëmmer méi grouss

Rietsen Terrorismus ass net nëmmen en däitsche Problem, mee present an der ganzer westlecher Welt, esou steet et am globalen Terrorismus Rapport vum Institute for economics and peace.
Virun allem am Weste vun Europa, Nord Amerika an Ozeanien si riets extrem Dote geklommen. An dëst em 320 Prozent an de lëschte fënnef Joer.

Problematesch wier och, datt rietsradikal Täter dacks als Eenzeltäter gesi ginn. Dëst schreift de Bernhard Schmit fir d'Bundeszentral fir politesch Bildung. Et géif dacks iwwersi ginn, datt d'Täter sech a Netzwierker beweegen. Fir hien ass d'Bild vum "einsame Wollef" extrem problematesch, well et den Täter vun Ideologien a beaflossende Persounen isoléiert, déi si awer zou hirer Dot inspiréieren an och motivéieren.

Riets a lénks Gewalt

Ob se vu riets oder lénks kënnt, Gewalt ass net vertrietbar. An awer: Zu Leipzig, enger Staat am Bundesland Sachsen, gouf viru kuerzem eng speziell Kommissioun bei der Police gegrënnt géint lénken Terrorismus, net géint rietsen Terrorismus. Dobäi läit den Duerchschnëtt vu rietsradikalen Doten a Sachsen duebel esou héich ewéi am Rescht vum Land.

De Buergermeeschterkandidat Sebsatian Gemkow vun der CDU seet de lénken Terroristen a senger Campagne de Kampf un. Déi Rietsradikal kommen dorënner net fir. Effektiv gouf et an de leschte Méint eng Rëtsch Baukraner vu Promoteuren déi gebrannt hunn an en Ugrëff op eng Immobilienagentin. D'Bekennerschreiwes um lénken Netzwierk Indymedia léisst drop schléissen, datt et sech ëm lénksextrem Aktivisten handelt. Beweiser ginn et awer keng dofir.

"Esou vill Mesuren ewéi de Staat Sachse géint lénken Terrorismus geholl huet gouf nach ni géint riets Gewalt ugewant, och net wou Flüchtlingsheemer gebrannt hunn."

twittert d'Juliane Nagel, déi sächsesch Deputéiert vun die Linke. Dobäi steet am globalen Terrorismus Rapport, datt de rietsradikalen Terrorismus par Rapport vum lénke méi Doudeger gemaach huet an eng steigend Tendenz huet.

Et gëtt keng Positioun ergraff

Och de Präsident Donald Trump fiert eng geféierlech Linn. Hien bezeechent Auslänner oder Amerikaner mat auslännesche Wuerzelen ëmmer erëm als déi "Aner". Virun allem bezeechent hien awer Mexikaner ëmmer rëm als Mäerder a Vergewalteger. Dëse Vokabulär füügt sech kloer an dee vu Rietsradikalen a fërdert Beweegungen ewéi "White supremacy", wou wäiss Mënschen ëm hir Iwwerleeënheet fäerten. Sou huet zum Beispill de Patrick Crusius deen zu El Paso 22 Mënschen an engem Supermarché erschoss huet behaapt, hie géif Amerika vun enger "hispanescher Invasioun" retten.

Et huet een d'Gefill, d'Politik bekennt ëmmer manner Positioun géint Rietsradikaler an rietsradikal Doten gi méi als psychesch Problemer klasséiert (dem Donald Trump seng Ausso) ewéi datt se als en Netzwierk mat enger Struktur an engem Scheema begraff ginn.

Si mir um rietsen A blann?

Dobäi ass Solidaritéit géint Rietsextremismus wichteg. Wa Mënsche géint esou Doten op d'Strooss ginn, gesi Flüchtlingen, Asyldemandeuren a Persoune mat Migratiounshannergrond, datt et Mënsche ginn, déi si ënnerstëtzen. An et setzt och d'Politik ënner Drock. Et üübt Drock aus op hiert "rietst A".