“Si wäerten eis hir üblech Märercher erzielen”
D'Spezialkommissioun Taxe vum Europaparlament gëtt an hirer Aarbecht gebremst, well eng Rei EU-Memberstaten – dorënner Lëtzebuerg – sech weigere fir wichteg Dokumenter erauszeginn. Nei ass, datt och d'EU-Kommissioun, op Drock vun eenzelne Memberstaten, blockéiert.
D’EU-Kommissioun wäert net wäit genuch goen fir méi Transparenz an fir méi Steiergerechtegkeet ze suergen, dat sot am 100,7 Interview den EU-Deputéierten Fabio de Masi. (© Bigstock)
Iwwert eng "Blockade in der Lux-Leaks-Affäre" hat déi däitsch Dageszeitung "Taz" rezent geschriwwen: net nëmmen eng Rei eenzel EU-Memberstate géifen der Spezialkommissioun Taxe Dokumenter virenthalen, mee och d'EU-Kommissioun géif sech weigeren, fir Ënnerlagen erauszegi bei deenen et em ëmstridde Steierpraktike geet.Dobäi geet et ënner anerem ëm Protokoller vun den Treffe vun deem Aarbechtsgrupp, dee sech bei der EU-Kommissioun mam Thema befaasst.
"Widderstand vun eenzelne Memberstaten"
"Mir hu vun de Memberstate keng Protokoller kritt vun den Treffen. Dunn hu mer d'EU-Kommissioun gefrot. Déi hunn eis elo geäntwert datt si eigentlech bereet wieren hier Protokoller erauszeginn, mee dat géif op de Widderstand bei den eenzelne Memberstate stoussen", seet den Europadeputéierte Fabio de Masi ("die Linke").
Allerdéngs mussen déi genannten Dokumenter och net vun der EU-Kommissioun erausgi ginn, well déi Dokumenter ebe vun der Spezialkommissioun – a net vun enger Enquêtekommissioun – ugefrot goufen. "Mir hunn als Kommissioun keng aner Méiglechkeet, mir kenne just politeschen Drock maachen", seet de Fabio de Masi.
De Fabio de Masi widderhëlt och, datt de Grand-Duché net a voller Transparenz mat der Spezialkommissioun zesummeschafft: "Et war bis elo esou, datt eng Rei Memberstaten, dorënner och Lëtzebuerg, refuséiert hunn, déi Informatiounen un eis weiderzeleeden, déi mir als Spezialkommissioun am Europäesche Parlament ugefrot haten, fir ënner anerem Lux-Leaks opzeklären", seet den Europadeputéierten.
"Brauche rechtleche Schutz fir Whistleblower"
"Wéi beuerteelt déi Lëtzebuerger Regierung d'Tatsaach datt Dokumenter net un d'Europaparlament weidergeleet gi sinn?", froen d'Députéiert Diane Adehm a Gilles Roth an enger parlamentarescher Fro un de Finanzminister Pierre Gramegna. D'Äntwert bleift ofzewaarden.
De Lëtzebuerger Member vun der Spezialkommissioun Taxe, den CSV-Europadeputéierten, Frank Engel, war net fir eng Stellungnahm ze erreechen.
De 17. September wäerten op allefalls de fréiere Lëtzebuerger Premier a jëtzegen EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an den EU-Wirtschaftskommissär Pierre Moscovici virun der Spezialkommissioun "Taxe" aussoen. Grouss Erwaardungen huet de Fabio de Masi net. Hien geet net dovun aus, datt wäert fir méi Transparenz gesuergt ginn. "Si wäerten eis erëm hir Märecher zielen", seet hien.
Dem Politiker vun "die Linke" seng Fuerderung ass awer kloer: "Mir brauchen e rechtleche Schutz fir Whistleblower". De Fabio de Masi kritiséiert an deem Kontext, datt de Lux-Leaks-Whistleblower Antoine Deltour zu Lëtzebuerg ugeklot ass, "während de Jean-Claude Juncker gemittlech op der Place Schuman [zu Bréissel] Kaffi drénkt".
Lauschtert de Bäitrag vum Mick Entringer
an de ganzen Interview: