Radioen

On air

De Moien  |  Gengahr - Heavenly Maybe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SIDOR: 10 Mol méi Sperrmüll

No den Iwwerschwemmungen

SIDOR: 10 Mol méi Sperrmüll

No den Iwwerschwemmunge vu leschter Woch krut d'Verbrennungsanlag vum Sidor 10 Mol méi Sperrmüll geliwwert ewéi soss.

auto_stories

1 min

An enger normaler Woch géifen eng 220 Tonnen d'Woch u Sperrmüll ufalen, an der Woch no den Iwwerschwemmunge koumen 2.450 Tonnen aus dem ganze Land zesummen. Wéinst de Revisioune gëtt d'Verbrennungsanlag awer am September fir dräi Woche stëll geluecht, an dowéinst gëtt eng Partie vum Sperrmüll tëschegelagert.

Déi ganz Explikatioune vum Patrick Goldschmidt (SIDOR)play_arrow

An der Stad Lëtzebuerg goufen iwwerdeems bannent zwee Deeg 3 Tonnen un Elektrogeräter ewéi futtis Wäschmaschinnen, Trockner a Frigoen entsuergt.