Radioen

On air

Espresso Beats  |  Sinkane - Everything Is Everything Feat. Tru Osborne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann ee mam Fanger op anerer weist...

Silvester zu Köln

Wann ee mam Fanger op anerer weist...

An der Silvesternuecht goufen zu Köln Honnerte Fraen Affer vu sexuellen Iwwergrëffer a physescher Gewalt. Sinn do wierklech nëmmen d’Auslänner Schold? Ee fräie Mikro vun der Geschichtsenseignante Simone Beck.

auto_stories

3 min

Dat, wat Silvester zu Köln geschitt ass, werft fundamental Froen op: Iwwert ons Gesellschaft, iwwert d’Press, iwwert d’Aart a Weis, wéi mer Problemer ëmschreiwen an dann ofschreiwen. Eng grouss Zuel Frae goufen Affer vu moralescher a sexueller Gewalt, a si hunn sech bestëmmt och eleng gelooss gefillt vun deene ville Zeien, déi genee konnte beschreiwen, wat geschitt ass, awer kaum gehollef hunn.

Déi ganz schrecklech Kölner Silvesternuecht ass opschlossräich iwwert déi Aart a Weis, wéi d’Frae gesi ginn, a bäi Wäitem net nëmme vun Auslänner aus Nordafrika oder dem Noen Osten, mam Koran an engem gefälschte Pass an der Täsch, wéi déi däitsch Press dat esou einfach resuméiert huet.

D’Kölner Police, déi haut mat honnerte Plaintë konfrontéiert ass, huet den 1. Januar Moies näischt Besonnesches festgehalen. Ass dat net och symptomatesch? Gewalt géint Fraen ass näischt Besonnesches. Dat ass fir vill Fraen näischt Neies: An alle Länner a Kulturkreesser sinn si Gewalt ausgesat. E rezente Rapport vun der EU-Agence fir Mënscherechter hält fest, dass all drëtt Fra an Europa vun hirem 15. Liewensjoer un op iergendeng Form sexuell Gewalt erfuer huet. Firwat gëtt esou wéineg dovunner geschwat?

Indignatioun wéinst Täterschema?

Fraen, déi Affer vu Gewalt goufen – sief et doheem oder an der Ëffentlechkeet – soen näischt. Si sinn et déi sech schummen. Si spären sech an an hiert Leed, maache kaum eng Plainte – do ass Köln eng grouss Ausnam – an a Plaz bei d’Police an den Dokter ze goen, wäschen se sech, fir sech kierperlech a moralesch propper ze maachen. An déi verständlech awer falsch Haltung encouragéiert Männer weider ze maachen. Wat riskéieren se schonn?

Firwat awer ass Köln op eemol esou e groussen Thema ginn? Well et Auslänner gewiescht solle sinn. Da ginn d’Fraen also eescht geholl, wann hier Ugräifer an e bequemen Täterschema passen. Da kënne mer soen: "Gesäis de, wat huele mer ons do an d’Land!" A scho kënne mer Rassismus a Friemenhaass mam Schutz vun eise Frae rechtfäerdegen.

Wann d’Fraen ons esou schützeswäert sinn, wisou erlabe mer dann eigentlech, dass an den Zeitungsbutteker lafend Meter mat där sougenannter "presse masculine" voll leien? Firwat mussen hallef plakeg Fraen sech op Autoe räkelen oder Meedercher mat déifem Decolleté op Foiren den Accueil maachen?

Westlech Virbilder

Hannert deem ganze stécht dee selwechten, déifsëtzende Mépris vun der Fra. Déi sech och agresséiert ka fille vun Hären am Costume, déi a Publicitéitsagencen oder a Redaktioune vun Zäitschrëfte sëtzen. Déi nach ëmmer manner bezuelt gëtt, wéi e Mann fir déi selwecht Aarbecht. Déi, obschonn se d’Halschecht vun der Bevëlkerung stellt, nëmmen e Prozentsaz vu Muecht an Afloss huet.

A wéi bequem ass et dach, alles op déi Auslänner ze schiben, déi an onse Länner engem echte Kulturschock ausgesat sinn. Erklärt emol een engem Mënsch, deen aus engem Land kënnt, wou d’Frae voll verschleiert musse goen, firwat hie soll Respekt vu Fraen hunn, déi vun de Männer aus hirem eegene Kulturkrees net respektéiert ginn.

Eppes däerfe mer net vergiessen: Ëmmer wann ee mam Fanger op en anere weist, weisen dräi Fangeren op ee selwer zréck.