Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sinn och d'Juegd- a Fëschereihidder Déiereschützer?

Aarten- an Déiereschutz

Sinn och d'Juegd- a Fëschereihidder Déiereschützer?

De Lëtzebuerger Wëldschutzverband, deen d'Juegd- a Fëschereihidder regroupéiert, ass zanter Kuerzem als Déiereschutzorganisatioun unerkannt. Domat kann d'Asbl elo och géint Verstéiss kloen. Den Agrarminister Fernand Etgen huet Enn Juli eng deementspriechend Demande guttgeheescht. Dat hätt de Minister am Prinzip net dierfe maachen, mengt de gréngen Deputéierte Gérard Anzia. Fir de Gérard Anzia ënnerläit d'Beschäftegung mat wëllen Déieren net dem Déiereschutz, mee dem Juegd- a Fëschereigesetz.

auto_stories

4 min

De Lëtzebuerger Wëldschutzverband ass duerchaus der Meenung, datt seng Membere sech ëm Déiereschutz bekëmmeren, sou de Roland Grotz vum Lëtzebuerger Wëldschutzverband. Et géif een den Accent virun allem op d'Gesondheet vum Wëldbestand leeën. Haaptsächlech géif ee géint Wëldseuchen a Wëldkrankheete virgoen. "Wëldhidder heescht dann och näischt anescht wéi oppassen, datt kee wëldert a kee Fësch aus der Baach hëlt, wann en dofir net deen néidege Permis huet", seet de Roland Grotz. Den LMV géif op Juegten dono kucken, datt d'Leit zur richteger Zäit dat richtegt Wëld schéissen.

D'Juegd- a Fëschereihidder géife vun de Pächter mandatéiert ginn, fir hinnen ze hëllefen, sech ëm d'Wuelbefanne vum Wëld a vun de Fësch ze bekëmmeren. Member vum LMV géifen dee Moment d'Funktioun vum Kläpper, dem Jeeër oder dem Juegdgehilfe iwwerhuelen. "Mee leider steet déi Funktioun net méi kloer definéiert am Juegdgesetz dran", seet de Roland Grotz. Et wéilt een den Déiereschutz op de Juegte promouvéieren an an engems "iwwer den Horizont kucken". "Mir schaffe gäre mat aneren Déiereschutzorganisatiounen zesummen", sou de Roland Grotz.
An der Vergaangenheet hätt een och eng Rei Police-Funktioune gehat. Zum Beispill hätten Hidder am Fall vu Verstéiss Procès verbauxe geschriwwen, déi als Beweismëttel benotzt konnte ginn, erkläert de Roland Grotz. Am neie Juegdgesetz wier dat awer net méi virgesinn.

Gérard Anzia: "Agrarminister huet eng falsch Decisioun geholl"

Datt de Lëtzebuerger Wëldschutzverband elo offiziell als Déiereschutzorganisatioun unerkannt ass, widdersprécht dem neien Déiereschutzgesetz, dat zanter engem gudde Mount a Kraaft ass, mengt dogéint de gréngen Deputéierte Gérard Anzia.

Et kéint een net op d'Haltungsbedéngunge vum Wëld agräifen. "Wann ech op d'Juegd ginn, wann ech d'Fëschereiwiesen ausüben, dann ass dat jo scho mat der Zilsetzung fir déi Déieren ze schéissen, fir d'Fleesch ze huelen, fir an de Genoss ze kommen, respektiv Fësch ze fänke fir se der Consommatioun zouzeféieren".

Fir de gréngen Deputéierten huet den Agrarminister eng falsch Decisioun geholl. Wie sech mat wëllen Déieren, der Fëscherei oder der Juegd beschäftegt, géif dem Gérard Anzia no, ënner d'Juegdgesetz falen an net ënner d'Déiereschutzgesetz.

"Zum Beispill Fale stellen, fir en Déier ze fänken, dat ass kloer ofgehandelt iwwer d'Juegdgesetz, dat fannen ech net erëm am Déiereschutzgesetz. Wann et do ëm Quälerei vun Déiere geet, dann hu mir do aner Gesetzgebunge wat wëll Déieren ugeet."

Nuance tëscht Aarteschutz an Déiereschutz net erkannt?

De Gérard Anzia geet éischter net dovun aus, datt hei virun de Chamberwahlen eng Wahlclientèle bedéngt gëtt. Dofir hätt de Wëldschutzverband net genuch Memberen. Et wier eng Saach vun der Nuance, déi méiglecherweis net erkannt gouf: déi tëschent dem Aarteschutz an dem Déiereschutz. Dat wieren zwou verschidde Saachen, sou de gréngen Deputéierten.

Gesäit de Roland Grotz vum Wëldschutzverband déi selwecht Nuance?

"Mir ass nei, datt Déiereschutz sech ausdrécklech op Hënn a Kaze soll beschränken. Dat ass mir elo awer komplett nei. Déiereschutz ass Aarteschutz", sou den LWV-President. Dat géif souwuel Hausdéiere betreffen, wéi och wëll Déieren, d'Juegdgesetz, géif senger Opfaassung no, keen Ënnerscheed maachen.

Léisst éischte Saz vum Déierschutzgesetz Interpretatiounen zou?

Ganz am Ufank vum neien Déiereschutzgesetz steet deen heite Saz: "La présente loi s'applique à tous les animaux vertébrés ainsi qu'aux céphalopodes sans préjudice des législations en vigueur en matière de la chasse, de la pêche, de la lutte contre les organismes nuisibles et de la protection de la nature et des ressources naturelles." D'Déiere sinn also alleguerten, ob wëll, Notz- oder Hausdéieren, ausdrécklech vum Gesetz geschützt, déi aner Gesetzer stellen dat net a Fro. Ass et dee Saz, dee Spillraum fir d'Interpretatioun zouléisst?

Den Agrarminister Fernand Etgen wollt sech op eis Nofro hin nach net zu dëser an aneren oppene Froen äusseren. Seng Äntwert wéilt hien dem gréngen Deputéierte Gérard Anzia virbehalen.