Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Situatioun vun den Uighuren: Wéi eng Roll spillt d'Belt and Road Initiativ?

Belt and Road Initiativ

Situatioun vun den Uighuren: Wéi eng Roll spillt d'Belt and Road Initiativ?

Belt and Road Initiativ nennt déi chinesesch Zentralregierung hier Pläng, fir d'Transport an Handelsstrecken no Westen auszebauen. Huet d'Belt and Road Iniatiativ fir d'Handelsrouten aus China no Westen d'Situatioun fir d'Uighuren an der Regioun Xijiang verschlëmmert?

auto_stories

3 min

Och Lëtzebuerg huet mat Beijing e Memorandum of Understanding am Kader vun dëser Initiativ ënnerschriwwen. Kuerz drop huet CFL Multimodal eng Gidderzuchverbindung mat China lancéiert, deen d'Regioun Xinjiang am Nordweste vu China passéiert. Do wou Beijing den China Cables vum Journalistekonsortium ICIJ no, déi muslimesch Minoritéit vun den Uighure systematesch a prisongsähnlech Campen ëm erzéie léisst.

D'Repressioun vun den Uighuren ass net nei, seet den Nathan Van der Klippe, deen zënter sechs Joer als Korrespondent vun der kanadescher Zeitung Globe and Mail zu Beijing schafft. D'Entwécklung vun dem System fir déi politesch Indoctrinatioun a fir d'Formatioun hätt 2017 richteg ugefaangen. Mee si hätt sech an deene leschte Joer intensivéiert.

D'Lag vun der Provënz dierft eng Roll spillen

Zu den Ursaache fir déi systematesch Repressioun zielt hien d'Attentater, déi vu Membere vun der muslimescher Minoritéit verüübt goufen. An d'Angscht, datt nom Réckzuch vun den US-Truppen aus dem Afghanistan fundamentalistesch Iddien iwwer d'Grenz géife kommen. De Parteisekretär aus dem Tibet, hätt seng Methode fir d'Iwwerwaachung vun der Bevëlkerung mat an d'Regioun Xinjiang bruecht, wéi hien dohi versat gouf, erzielt den Nathan van der Klippe. Mee och d'Lag vun der Provënz dierft eng Roll spillen, seet de Journalist.

"Et gëtt keen Doute, datt déi geostrategesch Wichtegkeet vu Xinjiang am Nordweste vu China mat der Entwécklung vun der Belt and Raod strategy zougeholl huet. Déi Strategie berout drop, Landverbindunge mat Länner am Westen a Südweste vu China auszebauen, zum Beispill duerch Russland."

D'Regioun ass wichteg fir déi weider ekonomesch Entwécklung vu China

Vill vun deene Verbindunge féieren duerch Xinjiang oder sollen duerch Xinjiang féieren. An der chinesescher Zeitung China Daily, huet e Professer vum Yancheng Institute of Technology geschriwwen, ënner der Belt and Road Initiativ wiere bannent véier Joer 70 Milliarden Dollar an d'Infrastruktur an der Regioun Xinjiang investéiert ginn. D'Initiativ wier ganz wichteg fir China, virun allem fir de westlechen Deel vum Land a Xinjiang. Déi Regioun hätt eng wichteg Roll, wéinst hiren traditionelle Verbindungen zu Zentralasien, Indien, Pakistan an dem Mëttleren Osten. Et wier nëmmen de Mangel vu proaktiver an éierlecher Participatioun vun der lokaler Populatioun déi d'Prosperitéit vun Xinjiang géife limitéieren, sou de Professer.

Den Nathan Van der Klippe seet, datt et op allefall e Wonsch géif ginn, fir Xinjiang zu engem wichteg Connectiounspunkt auszebauen a parallel dozou de Wonsch, dofir ze suergen "wat d'Chinese géife Fridden a Stabilitéit nennen".

D'Roll vu Lëtzebuerg an der Belt and Road Initiativ

Am Mäerz hat de Xavier Bettel zu Beijing e Memorandum of Understanding am Kader vun der Belt and Road Iniativ ënnerschriwwen. Am Abrëll huet d'CFL hiren Luxembourg-Chengdou Railway-Express lancéiert. De Gidderzuch passéiert déi chinesesch Grenz zu Alashankou, heescht et am Communiqué. Dës Verbindung ass am Kader vun der Belt and Road Initiativ entstaan, confirméiert CFL-Multimodal. De Gidderzuch wier dëst Joer ee mol hin an ee mol zeréck gefuer.

De MoU géif keng Infrastrukturen hei zu Lëtzebuerg abezéie sot den Ausseminister Jean Asselborn op Nofro. Vill europäesch Länner hätten esou en Ofkommes ënnerschriwwen. Lëtzebuerg hätt och an anere Secteuren enk wirtschaftlech Verbindunge mat China, sou den Ausseminister.

"Ech mengen, datt dat, wat do eraus komm ass vun den Uighuren an där Provënz vum extreme Westen, datt een do jo elo net einfach ka soen, elo gi mer op den Ordre du Jour iwwer."

Den Ausseminister ass fir eng europäesch Approche. Et géif elo en Accord de Principe mat China iwwer eng Visitt vun den d'EU-Ambassadeuren zu Beijing an der Regioun. Si kéinte sech da selwer e Bild maachen. Et géif elo nach en Datum gesicht, esou de Jean Asselborn.