Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng zentralistéiert Strategie

Ëffentlech Finanzen

Eng zentralistéiert Strategie

De Staat wëll seng Participatiounen un Entreprisen an Zukunft all iwwert d'SNCI lafe loossen. D’"Société Nationale de Crédit et d'Invesstissement" soll analyséieren, ob d'Bedeelegungen nach sënnvoll sinn, oder ob d'Suen net an aner Projeten investéiert sollte ginn.

auto_stories

2 min

Dacks géif de Staat aus verschiddene Grënn Participatioune kafen, dës Investitioun duerno awer net méi a Fro stellen, seet den Etienne Schneider. (Archiv-Foto)

Eng Lëscht ma alle staatleche Bedeelegungen un Entreprisë soll deemnächst publizéiert ginn. Dëse Recueil gouf am Regierungsrot e Freideg ugeholl. Donieft soll eng Kontrollinstanz geschaf ginn, mat där dës Participatiounen iwwerwaacht ginn.

Fir de Wirtschaftsminister Etienne Schneider ass d'SNCI e gudde Choix fir dës Aufgab. D'Regierung wier der Meenung, datt d'Informatiounen all bei enger Struktur missten zesummelafen: "Eng zentral Plaz, wou dann och d'Strategië vun deene verschiddenen Entreprisen zesumme lafen".

Reunioun vu staatleche Vertrieder

Zesumme mam Finanzminister Pierre Gramegna hätt hie gemengt, datt déi staatlech Kredit- an Investisiounsbank dofir déi "ideal Ulafstell" wier. Ee bis zwee Mol d'Joer kéint d'SNCI déi "haapt-responsabel Leit" zesummeruffen, déi fir de Staat an de Verwaltungsréit vu verschiddenen Entreprisë sëtzen. Dat fir ze kucken, wéi dës Entreprisë sech entwéckelen.

Sou eng zentral Struktur ze schafen, hat d'Regierung schonn 2013 an hirem Regierungsprogramm ugekënnegt. D'Aufgab vun der SNCI wier et dann ze kucken, ob déi staatlech Investitioun an Entreprisen nach Sënn géif maachen an ob d'Participatioun nach strategesch wichteg wier, esou de Minister.

Méi Transparenz an Effizienz

Dacks géif de Staat aus verschiddene Grënn Participatioune kafen, dës Investitioun duerno awer net méi a Fro stellen, seet den Etienne Schneider. Dat soll sech duerch dës Kontroll-Struktur änneren. D'SNCI soll reegelméisseg Analyse maachen, wouduerch d'Regierung kontrolléiere kann, ob d'Sue gutt ugeluecht sinn oder ob se op anere Plaz besser investéiert kéinte ginn. Doduerch soll d'Gestioun verbessert an d'Transparanz erhéicht ginn.

De Projet fir dës Struktur ze schafen, wier schonn ugelaf, esou de Wirtschaftsminister. An d'SNCI soll den deementspriechenden Optrag deemnächst kréien.

D’SNCI als Kontroll-Entitéit ze huelen, géif dowéinst Sënn maachen, well dës Socitétéit an de meeschte Fäll, an deenen de Staat eng Participatioun huet, och den Actionär fir de Staat wier, esou den Etienne Schneider.

Etienne Schneiderplay_arrow