Radioen

On air

De Weekend  |  Cass Mccombs - Switch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozialkonflikt Fleegesecteur ass eriwwer

Fleegesecteur

Sozialkonflikt Fleegesecteur ass eriwwer

De Sozialkonflikt am Fleegesecteur ass eriwwer. No Verhandlungen an ënnerschiddleche Kompositiounen - Regierung-OGBL, Regierung-Copas oder alleguer zesummen - ass haut am Staatsministère um Enn vu véier Stonnen en Accord fonnt ginn.

auto_stories

2 min

Um Enn ware se all zefridden - oder op d'mannst erliichtert. Der Regierung wier et wichteg gewiescht, fir d'Situatioun op en Enn ze bréngen, et hätt een awer Garantië gebraucht, sot de Staatsminister Xavier Bettel.

Béides ass gegléckt. Et geet jo ëm déi gutt 700 vun den am Ganzen 11.000 Beschäftegten am Secteur, déi nach ënner dee méi avantagéise Spidols-Kollektivvertrag falen. Si kréien d'Garantie, datt si bis zu hirer Pensioun ënner deem Kontrakt kënne weider schaffen, si kréien och réckwierkend dat ausbezuelt, wat d'Patronat hinne bis elo fir 2017 an 18 virenthalen huet. Dat war d'Zil vum Streik. D'Nora Back, déi beim OGBL fir de Secteur zoustänneg ass, huet dann och gestraalt:

"Mat vollster Zefriddenheet kënne mir soen, datt mir déi Ënnerschrëft wäerte maachen, an deem Streik kënnen en Enn setzen."

Surcoût gëtt vu Staat iwwerholl

D'Patronat krut d'Zouso, datt de Surcoût, deen déi Haiser hunn, an deene nach vill Leit mat Spidols-Kontrakt schaffen, vun der Fleegeversécherung iwwerholl gëtt. D'Léisung, op déi sech gëeenegt gouf, huet also keen Impakt op de Staatsbudget, sot de Sozialminister Romain Schneider.

"Hei gouf elo einfach festgehalen, datt mir e ganz einfache Prinzip huelen, do wou mir och keng Gesetzesännerung musse maachen. Dat ass de Virdeel, vun deem wat mir de Mueren diskutéiert hunn, datt et ganz schnell kann a Kraaft trieden. Et gëtt gemaach op Basis vun Negociatiounen, déi lafen tëscht der CNS an der COPAS bei der Fixatioun vun der Valeur monétaire."

Patronat huet och Zousoe gemaach

D'Patronat huet awer missen zwou Zousoe ginn. De Pensiounspräis an de concernéierten Haiser an den nächsten zwee Joer gëtt net eropgesat, an et gi keng Leit mat FHL-Kontrakt nei agestallt ginn. D'COPAS hat kee Problem, déi Garantien ze ginn, seet hire President Marc Fischbach:

"An deem Sënn gi mir ganz zefridden hei eraus, mir ootmen op. Well mir endlech gesinn, datt déi Leit, déi fir näischt kënnen, nämlech d'Bewunner, datt déi och kënnen an Zukunft roueg an an aller Serenitéit hiren alldeegleche Beschäftegungen nogoen."

De Streik am Fleegesectecteur ass domat elo offiziell eriwwer.