Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lionlimb - Hurricane

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit akzeptéiert formell Oppostioun

Chambre des salariés

Nicolas Schmit akzeptéiert formell Oppostioun

Déi nächst Sozialwahlen, déi u sech am November dëst Joer hätte solle sinn, ginn op dat nächst Fréijoer verluecht, fir se zäitlech méi wäit ewech vun de Chamberwalen ze kréien. Sou steet et an engem Gesetzprojet, dee momentan an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert gëtt. Dee Projet huet awer nach en zweete Punkt, deen d'Chambre des salariés betrëfft a mat deem de Staatsrot grouss Problemer huet.

auto_stories

2 min

Nieft de gewielte Vertrieder soll d'Chambre des salariés dräi zousätzlech Membere kréien, déi sech kenger Wahl stelle mussen, mee déi vun den national representative Gewerkschafte designéiert ginn.

Hien hätt ni een Heel draus gemaach, datt hien net op déi Iddi komm wier, seet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit op Nofro hin.

D'Iddi dofir wier aus der Chambre des salariés selwer komm, hien hätt se net gedeelt, mee respektéiert an dofir och am Gesetzprojet iwwerholl. Schonn am Januar hat de Staatsrot sech dëser Iddi a sengem éischten Avis formell opposéiert. Doropshi wier - dat gëtt de Staatsrot elo zou - den Designatiounsmodus vun deenen dräi zousätzleche Memberen via Amendement e bësse méi demokratesch gestalt ginn. Awer net genuch, fir d'Opposition formelle opzehiewen.

Den Nicolas Schmit kéint sech net iwwer déi zweet Opposition formelle ewechsetzen, dat wéilt hien och net. Dat wier net konform mam Esprit, wéi een esou Gesetzer soll adoptéieren.

Konkret bedeit dat, datt den Nicolas Schmit der Chamberkommissioun e Méindeg proposéiert, fir d'Gesetz opzesplécken, d'Verréckele vum Datum direkt ze stëmmen, an d'Fro vun den designéierte Memberen der nächster Regierung z'iwwerloossen.

Mee et ass ganz kloer: mat dësem Aarbechtsminister ass op deem Punkt näischt ze maachen, wat géint de Wëlle vum Staatsrot wier.


Bäitrag vum Maurice Molitor am Panorama vun 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow