D'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek hat viru Kuerzem geschriwwen, datt d'Cellule de Crise dem SIDOR mat der Arméi gedreet hätt, sollt de Syndicat sech weigeren déi entspriechend Offäll unzehuelen. De Patrick Goldschmidt, Stater DP-Schäffen a President vum SIDOR, seet, hie wier bei dëser Ausernanersetzung, selwer net dobäi gewiescht, mee hien hätt d'Situatioun awer esou zougedroe kritt. Et wier een am Etat de Crise gewiescht, an et hätt ee missen eng Léisung fannen, esou de SIDOR-President. De Patrick Goldschmit seet awer och: "Fir et fein ze soen, heiansdo hätt een anescht matenee kënnen ëmgoen."
Ufanks wier net jiddwerengem kloer gewiescht, ëm wéi eng Zort vu medezineschem Offall et sech bei der Demande gehandelt hätt. Dat hätt zum Mëssverständnes bäigedroen, esou de Patrick Goldschmidt.
"A wéi dat sech alles gekläert hat, war dat fir eis net normalen Offall, mee net méi den 100 Prozent medezineschen Offall, wou mer vu Sprëtzen, Medikamenter, Utensilien déi an Operatioune gebrauch ginn, deen ass do ganz kloer net dobäi gewiescht."
Et huet séier eng Léisung misste fonnt ginn
Aus Suerg, d'Lëtzebuerger Spideeler géife wärend der Kris mat enger Onmass un Offall iwwerlaascht ginn, hätt d'Cellule de crise séier no enger nationaler Léisung gesicht. De SIDOR wier deemno gefrot gi fir Schutz-Material vu medezineschem Personal an der Anlag tëschent Leideleng an Obeler mat ze verbrennen. Dat confirméiert och de Robert Schmit, Direkter vun der Ëmweltverwaltung. De Risiko hätt bestanen, et huet ee missten dovun ausgoen, datt d'Nopeschlänner hir Grenzen zoumaachen, an datt een déi Offäll iergendwou misst stockéieren. "Dofir war d'Suerg scho relativ séier eng Léisung ze fannen."
Déi néideg Sécherheetsmesurë fir d'Personal goufen en place gesat
"D'Personal beim Bedreiwer gouf extra geschoult. D'Material koum extra verpak op de SIDOR-Site, an dat ass bis elo reiwungslos iwwer d'Bün gaangen. Mee et ass kloer Material, dat an d'Ausland gaangen ass. An dat elo wärend dem Etat de crise beim SIDOR verbrannt gouf."
SIDOR krut déi néideg Autorisatioun
"D'Resultat war esou, datt mer eng Autorisatioun kruten, an datt et net alles medezineschen Offall ass, mee datt et sech hei haaptsächlech ëm Masken, Kostümer an Händsche gehandelt huet, wou am Ufank d'Angscht war, datt dat dräi bis véier Tonnen den Dag wären. Gottseidank koum d'Kris net grad esou schlëmm, wéi mir gefaart hunn, esou datt mer am Moment beim SIDOR ongeféier dräi Tonnen d'Woch medezineschen Offall unhuelen, fir dee mir och d'Autorisatioun kritt hunn."